Et gouf iwwer nei Musek, Buedinten an iwwert de gratis ëffentlechen Transport geschwat.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De brittesche Sänger Sam Ryder dierf spéitstens no senger Single "Space Man" zimmlech jidderengem bekannt sinn. Vue dass hien well ëmmer gesongen huet an wéi sou vill Leit och duerch d’Pandemie e Stréch duerch d’Rechnung gemaach krut, huet hien ugefaangen op Social Media Cover Lidder eropzelueden déi extrem viral gaange sinn.

Social Media war immens wichteg fir de Sam Ryder

A senger Jugend huet de Sam Ryder sech dann awer och scho vun immens ville Museksrichtungen inspiréiere gelooss. Hei huet hien eis zum Beispill verroden, dass hien immens vill Rock a Metal gelauschtert huet an nach ëmmer grousse Fan vun Iron Maiden ass. Awer och de Numm Queen ass gefall. Mat hinnen an de Foo Fighters stoung de Sam Ryder am September jo dann och déi éischte Kéier zu London op der Bün wat fir hien ee ganz grousse Moment war.

Am Joer 2022 hat hien dann d’Chance fir Groussbritannien beim Eurovision Song Contest mat dobäi ze sinn. Hei hat hien dann och mat der zweeter Platz déi héchst Plaz an der Geschicht vum ESC fir Groussbritannien gewonnen.

Den ESC war ëmmer well wichteg fir hien

Elo ass de Sam Ryder dann och den 28. Oktober hei zu Lëtzebuerg am Atelier fir déi éischte Kéier opgetrueden. Am Viraus vum Concert hat de Museker awer och eng Stonn Zäit fir sech bëssen an der Staat ëmzekucken an hie war nawell richteg faszinéiert. Net nëmmen vun eisem gratis Tram.

Villes huet dem Museker awer och hei zu Lëtzebuerg gefall

Am Moment steet de Sam Ryder international mat senger neister Single "Somebody" am Fokus, an der hie well senge Fans an alle Leit déi hie gär hunn Merci soen, vue dass déi ëmmer fir een do sinn och wann et mol eng Kéier net esou gutt leeft. Fir de Sam Ryder ass dëst och eng emotional Single wéi een am Gespréich héieren huet.

Wien de Sam Ryder op Instagram verfollegt, huet dann och gesinn dass hien zu London ee Video fir eng nei Single geshoot huet. De 5. November kennen mer eis op eng nei Single freeën, déi dann och op sengem neien Album "There’s Nothing But Space, Man!" mat drop sinn.

Nei Musek ass dann awer och ënnerwee

Een immens buedemstännegen a frëndlechen Mënsch mat deem een sech definitiv kéint virstellen nom Concert och mol nach relax een drénken ze goen.

Iwweregens ass de Sam Ryder och ee grousse Fan vun Buedinten, am beschtem am "Space Man"-Design. Hei konnt ech dann och selwer punkten vue dass ech der direkt zwou hunn an him déi wäiss awer nach feelt.

RTL

© Eldoradio

RTL

© Eldoradio