Zu Halloween gehéiere vill grujeleg Kostümer. Een dovunner ass d’Hex. Mee d’Geschicht vun der Fra mam Biesem ass vill méi villsäiteg wéi ee menge kéint.

Virun allem héiert een ëmmer méi dass Fraen sech hautdesdaags als Hexe bezeechnen. Dat kéint méi wéi eng Persoun erstaune well ee jo am Fong dovunner ausgeet dass Hexen net existéieren. Mir hunn eis ugekuckt wat modern Hexen dann esou op sech hunn.

Lauschtert eran!

Hexerei gëtt et am Fong ganz laang a gëtt schonn zënter Dausende Jore praktizéiert. Mee och hautdesdaags gëtt et déi Beweegung nach ëmmer. Déi krut esouguer en neien Opschwong. Mee wat ass eng Hex? An der Geschicht an a ville Legenden daucht d’Hex am Zesummenhang mat verschiddene Relioune mee och Vëlker op. Si huet iwwernatierlech Fäegkeeten. Traditionell gëtt gesot dass eng Hex kapabel ass ze heelen. Dacks goufen esou Persoune verfollegt an ëmbruecht.

Mee wat maachen déi Persounen dann déi sech elo nach als Hexe bezeechnen? Wéi si et selwer behaapten, ka jiddereen eng Hex ginn. Hexe kënnen an Dierfer wunnen a grousse Stied a klenge Stied, kënnen ega lwéi eng Aarbecht hunn a fale vläicht guer net op. Mee et ass hire Glawen deen hir Hexereien ausmécht.

Zum Beispill gleewe si dass all Objet a Wiesen Energie beinhalt. Et soll een da kapabel sinn dës Energie ze dirigéieren an ze kontrolléieren. Och Manifestéieren ass eppes wat d’Hexe maachen.

Si hunn och magesch Formelen déi se asetzen, aus ganz diverse Grënn. Vill modern Hexe benotzen och Kristaller, Tarotkaarten oder Astrologie. Eng grouss Majoritéit gesinn sech och selwer als Feministinnen. Mee et gëtt net onbedéngt e Geschlecht fir Hexen.

Dës Persounen hunn hautdesdaags virun allem eng Bindung zur Natur, zu den Elementer, zu den ale Gëtter an zu Déieren. Mee wichteg ass och de staarke Bezuch op sech selwer. Et ginn och Cerclë vun Hexen déi sech austauschen. Dës maachen dann och Ritualer.

Vill modern Hexe si Member vun der Wicca-Beweegung. Déi veréieren d’Gëttin mam Numm Wicca an domat d’Natur. Eng parallel Beweegung ass den Neo-Heedentum. Déi hunn och verschidde Gottheeten an hunn eng staark Bindung mat der Natur.