Jidderee kennt et. Den éischte Wecker schellt mee et ass een nach vill ze midd an et dréckt een op "snooze".

Esou brauch een dann net direkt opzestoe mee et hëlleft eis och net wierklech weider well mir net méi wierklech schlofen. An trotzdeem gräifen extrem vill Leit op de "Snooze Button" zeréck. Eng Etüd vun enger Uni huet sech emol mat deem Thema befaasst.

Lauschtert eran!

Eng amerikanesch Etüd huet sech un déi sougenannt "Snooze"-Gewunnechte vun de Leit intresséiert. D’Fuerscher vun der University of Notre Dame wollte wësse wéi vill Leit dat maachen a wien déi Leit sinn. Dat ass eng vun de wéinegen Etüden déi d’Snoozen iwwerhaapt ënnersicht.

450 Erwuessener goufe getest, déi eng voll Tâche schaffen. Si hu missen all Dag eng Ëmfro an e Questionnaire ausfëllen. Aus der Etüd geet ervir dass 57 Prozent vun de Participante reegelméisseg op de "Snooze Button" drécken. Och ass erauskomm dass d’Frae 50 Prozent méi Tendenz hunn ze snooze wéi Männer.

Eng vun den Erklärungen déi d’Fuerscher liwweren, ass dass d’Leit permanent midd sinn. Ee vun 3 Amerikaner soll net genuch schlofen. Dës géifen dann ënner anerem duerch d’Snooze versichen dogéint ze wierken, obwuel d’Dokteren dat net recommandéieren.

Mee d’Fuerscher soen dass dat am Fong net onbedéngt e Probleem usech wier. Leit déi snoozen a Leit déi et net maachen, géifen der Etüd no, genee esou vill schlofen. De Probleem wier éischter dass vill Leit u Schlofmangel leiden. Snooze wier also net onbedéngt schlecht wann et engem hëlleft besser wakreg ze ginn.

Dës Etüd gouf an der Zäitschrëft "Sleep" vërefffentlecht. Natierlech goufen net immens vill Leit fir dës Etüd gefrot: se ass also weder representativ fir d’USA nach fir de Recht vun der Welt. D’Fuerscher hu selwer gesot dass nach méi Recherche néideg ass fir d’Snooze besser z’erkläeren.