De Moment héiert ee ganz vill iwwer den Term "Bronchiolite" schwätzen. Zemools Leit mat ganz klenge Kanner maache sech doriwwer Suergen.

D’Bronchiolite ass eng infektiéis Krankheet, déi d’Otemweeër vun de Bëbeeën a vu klenge Kanner ënner 2 Joer ugräift. Normalerweis daucht d’Krankheet jo éischter am Wanter op. Mee dëst Joer ass se schonn elo ganz vill hei am Land ënnerwee.

Se kann duerch verschidde Viren ausgeléist ginn, ënner anerem de Respiratoresche Synzytial Virus, kuerz RSV. D’Bronchiolen vun de klenge Kanner sinn entzünt. Zu de Symptomer vun der Bronchiolitten zielt zum Beispill d'Nues, déi leeft, d’Puppelcher déi houschten an e liichte Féiwer hunn. No engem bis dräi Deeg kann den Houscht méi staark ginn an Otemprobleemer kënnen opdauchen.

D’Pediateren hei zu Lëtzebuerg schloen de Moment och Alarm. Dat well de Risiko aner Bëbeeën unzestiechen, ganz héich ass. Eng liicht Form vu Bronchiolitte kann doheem traitéiert ginn. De Moment sinn awer d’Pediatrien zu Lëtzebuerg scho voll mat klenge Kanner déi dowéinst hospitaliséiert musse ginn.

Zu den Traitementer ziele Sauerstoff, Perfusiounen, an heiansdo eng Behandlung beim Kiné. Et gëtt iwwregens bis ewell keng Impfung géint d’Bronchiolite.