Am Kader vum Lancement vum Trailer fir de neien Film Avatar 2 gouf et eng spektakulär Show bei den Niagara Falls.

Et ass dem James Cameron seng Heemescht an dofir war et fir hien eng grouss Éier, datt d'Niagara Falls d'Kuliss fir déi eenzegarteg Show waren.

Et huet een den neien Trailer vum Film Avatar 2: The Way of Water mat enger Droneshow gefeiert. 600 Drone waren dofir iwwert de Waasserfäll um Himmel. Donierft goufen et och Projektiounen op den Niagara Falls mat exklusivem Avatar-Filmmaterial.

De Film leeft de 14ten Dezember an de Kinoen un.