U sech zwee Termen, déi wierklech net zesummegehéieren an de Contraire vun enee sinn: Stress a Relaxéieren.

An trotzdeem gëtt et elo en Ausdrock, deen déi zwee kombinéiert: "Stresslaxing". Vläicht hutt dir den Ausdrock "Stresslaxing" net kannt mee wësst am Fong genee ëm wéi ee Phenomen et geet. Am Fong bedeit dat dass ee versicht sech z’entspane mee dass ee sech esou stresst dass dat onméiglech ass. U sech ass dat en seriöe Probleem. Vill Leit leiden ënner Symptomer vu Stress wa se versichen e relaxe Moment ze verbréngen.

Lauschtert eran!

Dat ass eng Aart Däiwelskrees well ee sech dann och nach doriwwer opreegt dass ee sech net entspaant kritt. Richteg problematesch gëtt et wann dat ganzt zu Angschtstéierungen oder Panik-Attacke féiert. An et sinn och méi dacks déi Leit, déi souwisou méi Tendenz hunn ënner Angschtzoustänn ze leiden, déi mat "Stresslaxing" ze kämpfen hunn.

En anert Gefill vermëscht sech mat Stress a mat der Relaxatioun an zwar dat schlecht Gewëssen. Et fillt ee sech nämlech schëlleg dass ee gerascht huet a sech Zäit fir sech geholl huet, obwuel ee vill ze dinn huet. Esou ass de Stress deen een empfënnt eng Aart Strof well ee sech entspaant huet.

Verschidden Tipps ginn et awer fir aus dësem Däiwelskrees erauszekommen. Zum Beispill soll ee mol ophalen, déi Zäit, déi ee fir d’Relaxatioun aplangt, ze moossen. Et soll een am Géigesaz versichen lasszeloossen. Dacks kann een och net ofschalte well een dauernd Angscht huet seng To-Do-Lëscht ze vergiessen. Mee da soll ee sech se ganz einfach opschreiwen. De Fakt dass si iergendwou op engem Blat oder um Handy ze fannen ass, mécht de Kapp fräi.

A virun allem huet jiddereen d’Recht op Entspanung: et ass nämlech nëmmen esou dass ee seng Aarbecht a seng Tâchen och gutt erfëlle kann.