Tëscht dem 6. an dem 18. November fënnt déi 27. Klimakonferenz vun de Vereenten Natioune statt. Dëst Joer ass se zu Sharm El-Scheich an Ägypten.

COP ass am Fong déi kuerz Versioun vu Conference of Parties. Déi sougenannt Parties sinn d’Natiounen déi deen urspréngleche Klima-Accord am Joer 1992 ënnerschriwwen hunn. D’Konferenz gëtt all Joer organiséiert. An dëst Joer ass wéi den Numm et seet déi 27. Editioun. Dëst Joer sinn iwwer 200 Regierungen agelueden. Mee och karitativ Organisatiounen, ënnerschiddlech Gruppen, an Entreprisë wäerten dobäi sinn.

Lauschtert eran!

Dat zentraalt Zil ass et sech virzehuelen d’Paräisser Ofkommes vun 2015 anzehalen. D’Äerderwiermung weltwäit soll op 1,5 Grad am Verglach zum vir-industriellen Zäitalter begrenzt ginn. Wichteg aner Theme sinn d’Finanzéierung vu Klimaschutz a Moossnamen zur Upassung un de Klimawandel mee och den Ëmgang mat klimabedingte Schied a Verloschter. Natierlech soll een dann och op d’Resultater vun der COP26 zu Glasgow bauen.

Et ass och eng Geleeënheet fir den afrikanesche Kontinent d’Innovatiounen a Saache Klima-Aktioun ze weisen, mee och z’ënnersträiche wéi schonn d’Impakter vum Klimawandel um Kontinent sinn.

Normalerweis komme vill Staats- a Regierungscheffen an Ägypten. De russesche President Putin gëtt awer net erwaart. Den neie brittesche Premier Rishi Sunak wollt och net komme mee nodeems hie ganz vill kritiséiert gouf huet hien awer decidéiert ze kommen. Mee dem King Charles gouf ofgeroden ze kommen.

Déi bekannte Klimaaktivistin Greta Thunberg wëll och net an Ägypte reese well hatt der COP27 Greenwashing virgeworf huet. Greenwashing beschreift Organisatiounen, Entreprisen oder Events déi sech ëmweltbewosst weise wëllen ouni tatsächlech eppes fir d’Klima ze maachen.

D’Lokalisatioun vun der COP ass och kontrovers virun allem wéinst der komplizéierter Situatioun vun de Mënscherechter an Ägypten. Verschidde Klima- a Mënscherechtsorganisatioune wieren och net an Ägypte wëllkomm.