De Moment sinn d'Midterms am gaangen. Dës Wale kéinten déi aktuell demokratesch Regierung vum President Joe Biden schwächen. Mee wat genee ass dat?

An den USA sinn den zweeten Dënschden am November d'Midterms an dës Wale kéinten déi aktuell demokratesch Regierung vum aktuelle President Joe Biden schwächen.

Wat genee ass dat?
D'Midterms si Walen, déi an der Hallschent vun der Amtszäit vun engem Presidenten ofgehale ginn. Dofir och de Numm: Mid-terms-election. Walen, déi an der Mëtt vun enger Amtszäit sinn.

Wat genee gëtt hei gewielt? Dobäi gëtt de gesamte Kongress gewielt. De Kongress besteet aus zwou Chamberen, nämlech dem Senat an dem Representantenhaus. All Membere vum Representantenhaus an een Drëttel vum Senat gi nei gewielt. Am Senat ginn et am ganzen 100 Sëtz. Dovunner ginn 35 Deputéiert nei gewielt. An am Representantenhaus ginn déi ganz 435 Deputéiert nei gewielt. Am Senat huet all US-Bundesstaat zwee Sëtz. Onofhängeg vun der Gréisst. Am Representantenhaus ass dat aneschters. Desto méi Awunner e Bundesstaat huet, desto méi Deputéiert fir ee Staat.

Firwat sinn d'Midterms wichteg?
Fir déi aktuell Regierungspartei geet et drëms, dass si d'Majoritéit an deenen zwou Chambere vum US-Kongress behale fir hier Politik kennen ëmzesetzen.

Wat genee heeschen d'Midterms fir den aktuelle President?
Traditionell verléiert déi aktuell Regierungspartei, well d'Wieler notzen dës Tëschewale fir mam President a senger Partei ofzerechnen. An dësem Fall mam Joe Biden an den Demokraten. A béid Chambere vum Kongress hunn Demokraten de Moment eng knapp Majoritéit. Dat heescht Majoritéit vum Biden seng Demokrate kéint kippen. Bei engem Gläichstand entscheet d'Stëmm vun der aktueller Vizepresidentin Kamala Harris. Sollten d'Republikaner d'Majoritéit och just an enger Chamber kréien, kéinten si Gesetzesvirschléi blockéieren oder Kompromësser erzwéngen.

Lauschtert hei de Reportage: