D’Aarbechtswelt muss sech un de modernen Zäitalter adaptéieren a sech konstant nei entwéckelen. Dowéinst dauchen dann och nei Aarbechtsformen op.

Esou eng Form ass New Work. Dës Aart a Weis ze schaffe verbreet sech ëmmer méi an Entreprisen. Virun allem d’Digitalisatioun an d’Globaliséierung hunn d’Aarbechtswelt jo ganz vill gepräägt a verännert. Eng méi rezent Aarbechtsform, déi vill op de soziale Volet setzt ass New Work.

Lauschtert eran!

Dat ass u sech kee Modell mee éischter eng Sammlung vu verschiddenen Aarbechtskonzepter. Haaptpunkte si méi Flexibilitéit, manner Hierarchie an d’Bedeelegung un Decisiounen. Wichteg sinn och Konzepter wéi d’Fräiheet, d’Eegestännegkeet an d’Inclusioun. Formell huet e Betrib, deen New Work bedreift, offe Bürokonzepter an eng gewëssen Autonomie vun der Aarbechtsplaz. Doru gekoppelt si flexibel Aarbechtszäiten. Hei ass den Homeoffice wichteg, deen zënter der Pandemie sech ëmmer méi entwéckelt huet.

Punkto Hierarchie ass et dann dacks esou dass een eng Féierungspositioun deele kann. Verschidde Firme ginn nach e Schratt méi wäit. D’Hierarchië gi ganz ofgebaut: d’Ekippen organiséiere sech selwer.

De Begrëff New Work geet op den éisträicheschen-amerikanesche Sozialphilosoph Frithjof Bergmann zeréck. Am Ufank vun den 80er-Joren huet hien e Konzept entwéckelt wéi d’Mënschen hir Aarbecht als würdeg a sënnvoll gesi kënnen. Et soll manner drëms goen dass de Kapitalismus am Virdergrond steet mee éischter dass ee sech op senger Aarbechtsplaz verwierkleche kann.

A ville Beräicher ass New Work awer net einfach, oder esouguer onméiglech ëmzesetzen. Mee vill Leit si vun esou enger Aarbechtsform ugezu well se méi Fokus op Work-Life-Balance setze wëllen. Et gouf och schonn nogewisen dass New Work zu manner Depressiounen a méi Innovatiounsgeescht féiert.