Déi däitsch Sängerin Zoe Wees wäert de 15. November hei zu Lëtzebuerg optrieden a seng Fans begeeschteren.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi däitsch Sängerin Zoe Wees ass mat sengen 20 Joer nach zimmlech nei am Museksbusiness mat dobäi an trotzdem huet hat sech international schon ee Numm gemaach.

Mat 12 Joer huet d’Zoe Wees ugefaangen selwer Musek ze maachen an huet am Joer 2017 bei der Fernsee-Sendung "The Voice Kids" matgemaach. Hei huet hat den Ed Sheeran dann och déi éischte Kéier begéint, deen direkt iwwerzeegt war vun him.

Ufanks 2020 ass dunn dem Zoe Wees seng éischte Single "Control" erauskomm, déi dann och direkt komplett duerch de Plafong gaangen ass an international an den Charts stoung.

"Ich war sehr überrascht, ich hätte das tatsächlich nie gedacht. Es war ein sehr großer Zufall und viel Glück steckte dahiner. Ich weiß einfach womit ich das verdient habe, aber 2020 war ein sehr krasses Jahr für mich."

Awer och d’sozial Medien hunn am Zoe Wees senger Karriär eng grouss Roll gespillt. Vue dass 2020 d’Musekswelt bëssen opgehaalen huet mat dréinen, ass d’Sängerin duerch TikTok an Instagram nach méi bekannt ginn. Hei ginn et awer och net nëmme positiv Säiten.

"Ich finde für Social Media musst du sehr stark sein und du musst deinen Wert kennen bevor dieser zerstört wird."

Wéi dunn awer alles rëm méi opgaangen ass no der Pandemie, konnt d’Zoe Wees dann och endlech oop Tournée goen a seng Musek dem Public virstellen. Hei stoung dun och deemols direkt eng Europa-Tour um Plang.

"Das war richtig schön. Man konnte richtig loslassen und es hat sich wie ein Neuanfang angefühlt. Es war einfach ein schönes Gefühl."

Am Moment ass d’Zoe Wees jo mat senger neister an emotionalster Single "Daddy’s Eyes" ënnerwee, bei der hat doriwwer séngt, dass säi Papp ni fir hat do war a konnt stolz op hat sinn. Am Ufank war dat awer och keen einfacht Thema fir driwwer ze sangen.

"Ich find’s auch einfach wichtig. Ich kenne auch nicht so viele Themen und ich glaube wenn ich an der Stelle wäre wo ich keinen Halt hätte – bei mir ist es die Musik was viele noch nicht wissen, dann wäre es für mich sehr schön so einen Song zu hören und ich dachte bestimmt für viele andere da draussen auch."

Am Moment ass d’Zoe Wees dann awer och schon amgaang u weiderer Musek ze schaffen an och een Album ass geplangt:

"Ich schreibe ganz viel und hoffe dass ich nächstes Jahr mein Album draussen habe."

De 15. November wäert d’Musekerin dann och hei zu Lëtzebuerg am Atelier op der Bün stoen an all seng grouss Hits sangen.