De Centre LGBTIQ+ Cigale gouf de 15. November 2002 vun der Associatioun "Rosa Lëtzebuerg" gegrënnt.

Et war nämlech opgefall dass d’Leit vun der Communautéit eng Ulafstell gebraucht hunn wou op si gelauschtert konnt ginn. Am Ufank huet de Zenter och just Centre Cigale geheescht mee elo gouf eng Adaptatioun gemaach. De 15. November 2022 gëtt also den 20. Gebuertsdag gefeiert.

Informatioun, Preventioun a Formatioun

Zënter 2018 ass den Zenter eng Associatioun, déi net méi ofhängeg vu Rosa Lëtzebuerg ass. Hiren éischte Pilier bezitt sech op d’Informatioun a Formatioun. Och d’Preventioun ass wichteg fir Diskriminatiounen ze reduzéieren. Ganz dacks wier nämlech d'Ignoranz e Grond dofir dass Leit brutaliséiert, diskriminéiert an ugegraff ginn.

Individuell a kollektiv Ënnerstëtzung

Den zweete Volet geet ëm déi individuell Ënnerstëtzung, déi verschidde Persoune brauchen. Et kann een och gehollef kréie bei administrativen Etappen, am Fall vun Diskriminatiounen oder vun enger Adoptioun. Dofir ass sozio-edukatiivt Personal op der Plaz.

Den Didier Schneider, Direkter vum Zenter erkläert dass den Zenter kreéiert gouf fir d'Leit mee och hir Famill a Frënn ze begleeden an z'ënnerstëtzen. An dat zum Beispill am Fall vun engem Coming-out, oder bei familiären a professionelle Schwieregkeeten och wat d'Toleranz ugeet.

Relevant ass och z'ënnersträichen dass en nationalen Aktiounsplang mat Guidelines, deen d'LGBTQI+ Gemeinschaft betrëfft vum Familljeministère koordinéiert gëtt.

RTL

Den Didier Schneider, Direkter vum Zenter. / © Eldoradio

Kollektiv Aktiounen a Gruppen

Wichteg sinn och kollektiv Aktiounen a Gruppen, déi sech treffen a sech austauschen.Beispiller si Gruppe fir lesbesch Mammen, homosexuelle Pappen a Self-Defense-Gruppe well ee leider heiansdo riskéiert ugegraff ze ginn.

Kontakt mat den Autoritéiten an Institutiounen

Als leschte Pilier ass de Centre Cigale och eng Kontaktplaz fir d’Autoritéiten. Esou kënnen Erfarungen a Recommandatiounen un d’Autoritéite weidergeleet gi fir dass konkret eppes gemaach ka ginn.

Et versicht an deem Kontext Spriecher vun der Communautéit ze sinn. Et ginn nämlech nach ëmmer vill Erausfuerderungen. Virun allem muss een de vulnerabele Leit aus der LGBTQI+ Gemeinschaft hëllefen.

D'Aarmut a Vulnerabilitéit gi mat méi Schwieregkeeten erlieft an der LGBTQI+ Communautéit, dat ass eng Realitéit. Dat ass Deel vun enger grousser politescher Ambitioun, déi den Zenter huet. Och d'Fro vun de Flüchtlingen ass wichteg, well et do ëm diplomatesch Strategien geet. 

Mënschen a Geschichten hannert de Statistiken

D’Aarbecht vum Zenter ass wichteg well een dann och gesäit dass och zu Lëtzebuerg verschidde Leit wéinst hirer Identitéit leide mussen. E Beispill huet den Didier Schneider och:

E jonkt 17-järegt Trans-Meedchen, dat kräischend an den Zenter kënnt well hatt an der Schoul harceléiert a brutaliséiert gouf. Hei gesäit een dann dass hannert den Zuelen och Leit sinn, déi leiden. 

Wéini ass den Zenter op?

Den Centre LGTBQI+ Cigale gesäit sech nämlech als safe place fir jiddereen. Wann een Hëllef brauch ass den Zenter tëscht en Dënschdeg an e Freideg, a geschwënn och e Samschdeg op. An dat tëscht 12h00 an 17h00.

20-Joer-Feier

Den Dag vum Gebuertsdag selwer fänkt eng offiziell Zeremonie um 17h00 un, present sinn dann d'Familljeministesch Corinne Cahen an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a Riede gi gehalen. Vun 18h00 gëtt et dann eng Party mat Iessen a Gedrénks, déi fir de Public zougänglech ass.

Lauschtert eran!