Op enger Pressekonferenz huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Méindeg de Programm vun de Winterlights virgestallt.

Dëst Joer dann nees komplett ouni Corona-Restriktioune mee am awer am Zeeche vum Energiespueren. D’Winterlights gi vum 18. November 2022 bis den 8. Januar 2023 organiséiert.

Chrëschtmäert op den traditionnellen Plazen

De Chrëschtmaart wäert vum 18. November bis den 1. Januar (ausser den 24. an 25. Dezember) op den 3 traditionelle Plaze sinn: De Lëtzebuerger Chrëschtmaart op der Plëss, de Wantermaart bei der Gëlle Fra an de Niklosmaart op der Paräisser Plaz.

Eppes wat jo scho gewosst war: d’Äispist gëtt dëst Joer net opgeriicht, fir Energie ze spueren. Mee op der Kinnekswiss wäert de Wanterpark stattfanne mat villen Iessméiglechkeeten, déi ënner Daach sinn esou wéi Musek.

Och dëst Joer ginn et vum 1. Dezember un d'Winterkids am Haff vum ale Kolléisch fir d'Kanner. Um Glacis fënnt dann och de Lëtzebuerger Adventscircus um Glacis statt. Hei soll ee sech séier Tickete besuerge well déi séier fort sinn. D'Ouverture vum Zirkus ass den 9. Dezember. Dëse bleift bis 8. Januar 2023 op.

D'Chrëschtmäert sinn all Dag vun 11h00 bis 21h00 op. Freides a Samschdes vun 11h00 bis 22h00.

Stroum gëtt gespuert

D'Winterlights gi jo dëst Joer reduzéiert. Virdru gouf et eng Beliichtung vun 19 Stonnen, dëst Joer sinn d'Luuchten tëscht 16h30 an 23h00 un, ausser de 24., 25. an 31. Dezember bis 1h00. Dëst Joer sinn 100 Prozent vun de Luuchte LED Luuchten. D'Stad Lëtzebuerg huet gerechent dass op d'mannst 30 Prozent Stroum mat den neien Adaptatioune gespuert gëtt.

Praktesch Infoen

Fir dëst Joer hunn 151 Forainen sech gemellt, an 99 sinn dann am Endeffekt present. 101 Chalete mat 22 Karussellen op 6 Sitte sinn ze fannen.

De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt huet recommandéiert mam ëffentlechen Transport oder zu Fouss op d'Chrëschtmäert ze kommen. Donieft gëtt och versicht esou mann wéi méiglech mat Plastik ze schaffen.

Verkafsoppe Sonndeger

Et wier e wichtege Moment fir d'Geschäftsleit dass d'Mäert nees normal organiséiert ginn, esou de Stater Schäffe Serge Wilmes. Och e méi normaalt Chrëschtdagsgeschäft gëtt erwaart. Normalerweis sollen da 4 Sonndeger op sinn, de 27. November, de 4., 11. an 18. Dezember tëscht 14h00 an 18h00.

Wat d'Sécherheet ugeet sinn d'Police mee och eng privat Sécherheetsfirma Dag a Nuecht present.

Lauschtert eran!