Mat senger "Lass Die Musik An Tour 2022" ass d'Lotte aktuell an Däitschland ënnerwee. Den 9. Dezember mécht hatt och e Stopp hei zu Lëtzebuerg am Atelier!

Wat e Joer fir d'Lotte: "SO WIE ICH", neien Album, Staffel 9 vu "Sing meinen Song", op Tour mam Clueso & elo seng eegen Tournée!

"Ich brauch noch 'ne Weile um dieses Jahr zu verdauen. Ich hab' unterschätzt, wie emotional und intensiv das für mich werden würde."

Mee fänke mir vir un. Am Januar huet d'Sängerin de Song "SO WIE ICH" erausbruecht, op deem hatt ganz oppen an éierlech doriwwer schwätzt, dass hatt Affer vu sexualiséierter Gewalt ginn ass. Domat huet d'Lotte vill Reaktiounen an e reegelrechten Hype ëm seng Persoun ausgeléist, dee bewierkt huet, dass hatt op eemol quasi an all däitscher Talkshow souz.

D'Lotte iwwert d'Optrëtter an Talkshows!

Lotte Insta

Parallel huet de Musekvideo vum Song immens vill negativ Kommentarer mat sech bruecht. Kritiséiert gouf virun allem den Outfit deen d'Lotte un huet. Ze liese waren zum Beispill Zeilen ewéi "Mat esou engem fräizügegen Outfit brauch ee sech jo net ze wonneren". Insgesamt géifen him Kommentarer ganz no goen, esou d'Lotte am Eldo-Interview. Seng Musek wier ganz enk mat him a sengem Liewe verbonnen a keen anonyme Produit bei deem et him egal wier wéi aner Leit e fannen.

"Aber jetzt konkret bei "SO WIE ICH" war ich fast schon dankbar, dass diese Kommentare kamen, weil es echt so ein Spiegel der Gesellschaft ist. Viele haben nicht verstanden wie man das machen kann. Es gibt immer noch diese Wahrnehmung, dass es eine Art Einladung zu was auch immer ist, wenn eine Frau oder ein Mensch sich sehr freizügig kleidet. Dieses Missverständnis muss geklärtwerden!"

Musekvideo "SO WIE ICH"

Am Mee vun dësem Joer huet d'Lotte dunn säin drëtten Album "WORAN HÄLST DU DICH FEST, WENN ALLES ZERBRICHT?" erausbruecht. Bei dësem Release wier et him am Kär ëm den Text an d'Geschichte gaangen. D'Musek géif esou ronderëm geschéien, dass se den Inhalt am Beschten ervirhieft.
Nieft sexualiséierter Gewalt behandelt d'Lotte dorop och Themen ewéi toxesch Bezéiungen, Haass am Netz oder mental Gesondheet. Dat Schéinst dorun, dass hatt nech no baussen opmaachen an aus sengem Liewen erziele géif, wieren d'Reaktioune vu senge Fans, esou d'Lotte.

D'Lotte iwwert d'Reaktioune vu senge Fans!

À propos Fans: Nodeems hatt iwwert déi lescht Méint mam Clueso op deem senger Tournée ënnerwee war, steet elo dem Lotte seng eegen Headline-Tour um Programm. Nieft Stied ewéi Heidelberg, Mainz, Köln, Berlin oder der Heemechtsstad Ravensburg, ass d'Lotte freides den 9. Dezember och op Besuch bei eis zu Lëtzebuerg am Atelier.

"Live-Musik ist für mich das Schönste und das wird man auch merken. Wir machen echte Musik, mit richtigen Instrumenten und einer tollen Band. Wir spielen nicht nur Sachen vom neuen Album, sondern auch ganz viele von den alten Songs. Ich werd' Geschichten zu den Songs erzählen, die man vielleicht so noch nicht kennt und bestimmt auch ein Glas Wein auf der Büne trinken."

Séchert iech hei är Ticketen fir de Lotte-Concert den 9. Dezember am Atelier! 

Lotte Musekvideo