Eng nei Etüd, déi zu Lëtzebuerg gemaach gouf, kéint e wichtegen Impakt op d’Behandlung vu Kriibs hunn.

Eng ganz nei praktesch Etüd huet gewisen dass Entzündungen, déi duerch Allergien opkomme kënnen, dozou bäidroe kënnen d’Fortschrëtter vu Gehiertumeuren ze bekämpfen.

D’Etüd gouf vum Neuro-Oncolocy Laboratory vum Luxembourg Institute of Health, mam Neuro-Immunology Group a mam Allergy and Clinical Immunology Group duerchgefouert. Mais mee keng Mënsche goufe fir dës Etüd analyséiert. Hei ass erauskomm dass allergesch Immunreaktioune bei Mais, déi Gehier-Tumeur-Zellen implantéiert kruten, de Wuesstem an d’Fortschrëtter vun den Tumeurzelle verhënnere kënnen. Esou ass et méiglech dass d’Immunzelle vum Gehier ëmprogramméiert ginn.

Lauschtert eran!

Dës Entdeckung an d’Etüd gouf dann och am European Journal of Allergy and Clinical Immunology verëffentlecht.

Bei der Gehiertumeur handelt et sech ëm e Glioblastom, also eng ganz aggressiv Kriibsaart. Dës ass net heelbar a resistent géint Immuntherapie. Dowéinst sinn nei Iddie wichteg fir den Immunsystem bei der Tumeurbekämpfung ze benotzen.

Mëttlerweil gëtt et och allgemeng en neit Fuerschungsgebitt dat sech "AllergoOnkologie" nennt. Hei muss awer nach vill gefuerscht ginn.

D’Departement fir Kriibsfuerschung an d’Departement fir Infektioun an Immunitéit am LIH hunn e Modell bei Mais entwéckelt, dee laangfristeg Beobachtunge beim Mënsch zeréckspigelt. Dës Etüd konnt also wierklech den entscheedenden Zesummenhang tëscht Allergien an Tumeuren ënnersträichen an eng Grondlag fir weider Ënnersichungen iwwer d’Immunitéit géint Glioblastom bilden. Dës Entdeckunge kéinten also dozou féieren, de Wee fir nei Therapië géint dëse Kriibs fräizemaachen.