D’Fussball-WM gëtt tëscht dem 20. November an 18. Dezember am Katar organiséiert.

Seele goufen et esou vill Kontroversen an Diskussiounen iwwer d’Land, dat eng Sportveranstaltung organiséiert.An dat wéinst der Situatioun vun de Mënscherechter am Katar, déi ganz schlecht ass. Et gi verschidde Kategorië vu Leit, deenen hir Mënscherechter net respektéiert ginn, esou Amnesty International an Human Rights Watch.

Aarbechter

Zum Beispill Aarbechter, déi Flüchtlinge sinn. Zënter dass de Katar 2010 erausgesicht gouf fir d’Fussball-WM z’organiséieren, goufen et Dausenden Doudesfäll vun Aarbechter. Dorënner also d’Leit déi d’Infrastruktur fir d’Weltmeeschterschaft gebaut hunn. Et gëtt net iwwert hiren Doud ermëttelt. D’Famillje ginn och net entschiedegt. D’Migrante sinn dann och ganz dacks wärend Méint net fir hir Aarbecht bezuelt.

Allgemeng leiden d’Aarbechter ënner Abusen a kënnen hir Aarbecht net einfach esou wiesselen. Hei goufen zwar Reformen agefouert, déi awer am Prakteschen net wierklech funktionéieren.

Fraen

D’Situatioun vun de Fraen ass och ganz komplizéiert. Se hunn nämlech männlech Tuteuren. Meeschtens ass et de Papp, de Brudder, de Bop oder de Monni. Bei bestuete Fraen ass et de Mann. Frae brauchen d’Erlabnis fir sech ze bestueden, am Ausland ze studéieren, eng Staatsplaz unzehuelen, deemno wéi een Alter och fir an d’Ausland ze reesen. Och fir verschidde Soine brauche se eng Erlabnis an et bleift nach ëmmer ganz schwéier fir si sech scheeden ze loossen. Wa se gescheet si kënnen se d’Garde vun hire Kanner dacks net hunn.

LGBTIQ+

Leit aus der LGBTIQ+ Community mussen och nach ënner ganz vill Diskriminatioun leiden. Sexuell Bezéiungen tëscht Männer sinn nach ëmmer net legal am Katar. Hei kann een esouguer zu 7 Joer Prisong verurteelt ginn. Den Inneministère huet och LGBT Leit festgeholl ouni Grond. Se goufe mësshandelt a geschloen. De WM Ambassadeur vum Katar huet och Homosexualitéit als "geeschtege Schued" bezeechent.

Meenungs- a Pressefräiheet ass am Katar och net garantéiert.

Lauschtert eran!