Den 20. November ass de Weltkannerdag an dat och hei zu Lëtzebuerg. D'Lilou, d'Hannah an de Georg sinn als Youth Ambassadors bei der UNICEF engagéiert.

Den 20. November ass den offizielle Weltkannerdag an hei zu Lëtzebuerg sëtzen sech Jonker fir d'Rechter vun de Kanner weltwäit an. D'Lilou, d'Hannah an de Georg si Youth Ambassadors bei der UNICEF a sinn d'Stëmm vun de Jonken an deenen hir Rechter. Si organiséiere verschiddenen Aktiounen an hire Schoulen, sinn op de Soziale Medien aktiv a plange grousse Projeten. An de Schoule geet et haaptsächlech drëms aner Jonker iwwert hir Rechter opzeklären. Et ginn awer och grouss Projet hei am Land oder am Ausland lancéiert fir d'Kanner weltwäit aus alle Milieuen ze ënnerstëtzt.

D'Lilou huet 15 Joer, ass zënter 2021 bei der UNICEF dobäi an d'UNICEF gëtt him ee Moyen sech auszedrécken an d'Welt e bësse besser ze maachen. Him ass bewosst, dass net jiddereen déi selwecht Chancë wéi ee selwer huet, an dass déi jonk Generatioun wichteg ass, well déi Zukunft ass. Weider seet d'Lilou, dass hatt motivéiert ass als Youth Ambassador ze schaffen, well hatt de Kanner déi keng Stëmm hunn eng Stëmm wëll ginn.

D'Hannah huet 17 Joer an engagéiert sech zënter 2022 bei der UNICEF. Hat këmmert sech bei de Youth Ambassadors haaptsächlech ëm d'Sozial Medien. D'Hannah ass dobäi, well hatt schonn ëmmer gäre Mënsche gehollef an hatt huet sech duecht wou kéint een dat besser wéi bei der UNICEF maachen. Duerch d'UNICEF huet hatt eng méi grouss Plattform gebuede krut fir säin Engagement ëmzesetzen.

De Georg ass 17 Joer al an zënter 2022 bei der UNICEF. Hien këmmert sech ëm d'Sozial Medien a seng perséinlech Motivatioun ass ze kucken, dass all Kand déi selwecht Méiglechkeeten a Chancë soll kréien. Dat onofhängeg dovunner wou an a wat fir enger Famill ee Kand gebuer gouf.

Weider Informatiounen iwwert d'UNICEF fënnt op Facebook, Twitter an Instagram mam Numm UNICEF Luxembourg an um Internetsite unicef.lu.

Klickt hei fir de ganze Reportage ze lauschteren.