
© Shutterstock
De Freiden an de Samschde sinn d'Researchers' Day an der Rockhal zu Esch. Hei kann sech jiddereen interaktiv mat der Fuerschung auserneesetzen.
Vum 25. bis 26. November sinn d'Researchers' Day an der Rockhal um Belval. Hei ginn et eng sëlleg Atelieren, Workshoppen an Diskussioune gebueden. Dat heescht Kanner, Jonker an Erwuessener kennen sech a verschidde wëssenschaftleche Beräicher ausprobéieren. Zum Beispill kann een ee Mars-Rover stéieren oder duerch ee Science-Labyrinth lafen. Da kann een sech awer och nach a sougenannte Science-Cafés mat Fuerscher ënnerhalen. Dëse Kader erméiglecht flott an interessant Gespréich an engem gemittlechen Encadrement. De Science-Café gëtt fir Persounen ab 15 Joer recommandéiert.
De Freide kënnen d'Schoulen an d'Studenten un de Researchers' Days deelhuelen an de Samschde sinn Diere fir jiddereen op. Den Entrée ass och gratis a fir Iessen a Gedrénks ass och op der Plaz gesuergt.
Weider Informatioune fënnt een op hirem Site researchersdays.science.lu.