Obwuel vill Leit dat mengen, ass den Internet keng Plaz wou een alles onbegrenzt soe kann. Och hei ginn et Grenzen, déi am Gesetz festgesat sinn.

Wéi Bee Secure matdeelt, ginn et esouwuel international wéi och national Gesetzer a Reegelen, déi an deem Kader wichteg sinn.

Lauschtert eran!

Seng Meenung fräi auszedrécken ass e ganz wichtegt Recht an enger Demokratie. Natierlech gëtt d’Recht och an der Lëtzebuerger Verfassung beschützt. Mee hei ginn et Limitten déi mat Flichten a Verantwortung ze dinn hunn. Ganz kloer ass e Beispill den Opruff zu Haass an/oder zu Gewalt géint eng spezifesch Persoun oder géint eng Grupp vu Leit baséiert op verschidde Krittären.

Dës si folgend: Originnen, Hautfaarf, Gender, Alter, sexuell Orientatioun, Familljesituatioun, Gesondheet, Behënnerung, Traditiounen, politesch a philosophesch Meenungen, gewerkschaftlech Aktivitéiten an d’Affiliatioun zu enger ethnescher Grupp oder Natioun.

Dës Virschrëfte stinn am Lëtzebuerger Code Pénal. Wat d’Strofen ugeet ginn et relativ vill Ënnerscheeder. Zum Beispill ginn et schwéier Prisongs- a Geldstrofen. Tëscht 8 Deeg a 6 Méint Prisong an eng Geldstrof tëscht 251 a 25.000 Euro gëtt et fir Leit déi en Opruff um Haass maache via verschidde Kanäl.

D’EU-Kommissioun huet och e "Code of Conduct" iwwer d’Haassried am Internet. Op de soziale Medie ginn et jo och nach Reegelen. Zum Beispill ka Facebook Content erofhuele wann en géint hir Guidelines verstéisst. Interessant Diskussioune ginn et de Moment wéinst der Twitter-Plattform, déi vum Milliardär Elon Musk kaf gouf. Senger Meenung no géif hien d’Meenungsfräiheet nämlech fërderen. Mee usech heescht dat manner Regulatioun. Dacks gëtt nämlech kritiséiert dass net genuch op de soziale Medie reguléiert a kontrolléiert gëtt.