Den 19. November gouf an der Stad Lëtzebuerg eng Demo organiséiert fir d’Iraner z’ënnerstëtzen. Mir hunn en Artikel iwwer d’Maniff op Facebook gesat.

Dat huet nawell fir Kommentare gesuergt vu Leit, déi net esou domat averstane waren.

RTL

© Screenshot Facebook Eldoradio

Majo…Fir d’éischt gëtt et emol e Konzept, dat Solidaritéit heescht. Verschidde Leit interesséieren sech tatsächlech net nëmme fir sech selwer, mee och fir Saachen, déi uechter d’Welt geschéien. Dat kéint scho mol ee Grond si wisou esou eng Demo organiséiert gouf. Dann och nach e klengen Iwwerbléck iwwer den Organisateur. Dat war d’Associatioun SIMOURQ. Wéi et op hirem Site steet, ënnerstëtzt d’Associatioun ënner anerem d’Mënscherechter am Iran.

Lauschtert eran!

Den Hannergrond ass déi aktuell Situatioun. Zanterdeem dat 22-järegt Mahsa Amini Mëtt September gestuerwe war nodeems hatt vun der Reliounspolice festgeholl gouf, gëtt am Iran demonstréiert. Der jonker Fra hire Kappduch wier nämlech net korrekt gewiescht. Elo wënschen sech vill Leit, dorënner och natierlech d’Fraen, dass d’Regierung gewiesselt gëtt.

Bei de Protester wieren de Vereenten Natiounen no op d’mannst 300 Persounen ëm d’Liewe komm, dorënner iwwer 40 Kanner. De politesche Regimm geet mat Waffegewalt géint d’Demonstrante vir. Et wieren och scho ronn 14.000 Mënsche festgeholl ginn. D’UN Mënscherechtskommissioun fuerdert an deem Sënn de Schluss vun der Gewalt.

Also kann een zimmlech kloer soen dass d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg net ka mat der Situatioun am Iran verglach ginn. Natierlech ginn et hei zu Lëtzebuerg och Probleemer, soll dat da wierklech d’Leit dorun hënneren sech fir d’Mënscherechter an engem anere Land anzesetzen? Eng Fro iwwert déi een nodenke kéint.