De Black Friday ass bekannt fir gutt Affären ze maachen. An awer kann et virkommen, dass een iwwert den Dësch gezu gëtt oder een ze vill Suen ausgëtt.

Fir ze vermeiden, dass een um Black Friday ze vill Suen ausgëtt oder op Fake-Shopen erafällt, soll een sech u verschidden Tipps halen. Hei ginn et fënnef grondsätzlech Tipps.

Fir d'éischt soll een op d'Präisentwécklung oppassen. Och wann de Produit mat grousse Prozenter markéiert ass, kann et sinn, dass de Präis am Virfeld erop gesat gouf. Dofir lount et sech de Präis op laang Dauer am Bléck ze behalen. Falls een e Produit awer nach net esou laang am Bléck hat, kann een d'Entwécklung iwwert bestëmmten Internetsäite checken.

Zweetens soll een sech net duerch esou Sätz wéi "Just nach dräi Produiten ze kréien" oder "d'Offer gëllt just nach 5 Minutten" ënner Drock setzen. Doduercher vergläicht een nämlech net méi sou genau a genee dat wëllen d'Verkeefer.

Da soll een nach ganz gutt op Fake-Shops oppassen. Grad an der Black Week fënnt ee vill där Fake-Internetsäiten. Wann een sech bei enger Säit net sécher ass, dann am Beschten ëmmer den Impressum kontrolléieren an déi verschidde Produite matenee vergläichen. Eng Konsole sollt een net tëschent Gaardematerial fannen.

Des Weidere soll een sou gutt et geet op Online-Shoppe verzichten. Hei sinn d'Produite gäre méi deier wéi an engem Buttek. Wann een awer elo um Internet eppes bestelle wëll, dann huet ee besser, dat net iwwert den Handy ze maachen. Nämlech erkennt de Shop vum Ubidder wat fir een Handy ee benotzt a passt esou d'Präisser un. Dat heescht ee méi deieren Handy kann zu méi héije Präisser féieren. Wéi déi däitsch Verbraucherzentral an eng Etude vun der däitscher Regierung matdeelen, huet de Standuert vun enge Handy oder engem Laptop keen Afloss op d'Präisser.

Wann een sech awer ee Produit reegelméisseg am Internet ukuckt, soll een drun denken, dertëschent all seng Donnéeën ze läschen, dat heescht all Cache, den Tëschespäicher an d'Cookies, well sos mierkt den Online-Shop fir wéi ee Produit een sech extra vill interesséiert a kann esou de Produit méi deier maachen. Dëst ass awer net de Fall bei Browsere wéi Chrome, Firefox oder Opera.

Klickt hei fir de ganze Reportage ze lauschteren.