Fir déi 25t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De lëtzebuergesche Museker Jah Arrogante mécht schonn säit dem Joer 2012 Musek a fillt sech an der Hip-Hop Zeen wuel. Duerch Kollegen ass hien deemols dann och dozou komm fir unzefänken mat rappen an och ze freestylen.

 "Ech hu wéinst engem Kolleeg ugefaange Musek ze maachen, vue dass hie schonn ëmmer Musek gemaach huet. Hien huet dann och ëmmer gefreestylt an sou sinn ech dann och bëssen dozou komm. A mat der Zäit hunn ech wierklech ugefaangen dat gär ze hunn an sou sinn ech an déi Musekszeen erakomm."

Viru kuerzem huet hien dann och seng neiste Single «Run On» released, an der hien bëssen iwwert säin Alldag rappt.

"Déi Single ass am Fong bëssen dat war bei eis am Alldag geschitt. An jo, ech beschreiwen do ebe bëssen dra wat bei eis sou leeft an dat och bëssen am Freestyle."

Vue dass den Jah Arrogante dann och beemol zesumme mat Foqus zu Déifferdéng geschafft huet, ass dann och d’Zesummemarbescht mam Rocklab zu Staane kommen. Fir d’Rocklab Pop Up Sessions vun dësem Mount gouff sech och fir den Jah Arrogante eng ganz speziell Plaatz erausgesicht. Hei Konnt hien zu Veianen um Oberbecken vun der S.E.O optrieden.

"Ma mir si bis op Veianen bei de Waassertuerm gefuer. Do ass esou ee risege Waassertuerm a mir hunn do direkt moies fréi gefilmt. An do huet een och eng zimmlech krass Vue wann do d'Sonn opgeet. Dat ganzt war mat zwee Kameramänner mat professionellem Material. Et war wierklech top."

Wärend der Rocklab Pop Up Session konnt den Jah Arrogante dann och direkt e puer vu senge Lidder performen.

"Ech hu wärend der Session dräi Lidder vu mengem leschte Mixtape gespillt. "Street Melodias", "Love" an "Escada" wat Trapen heescht."

An Zukunft wäert och vill Musek vum Museker nach rauskommen an och déi eng oder aner Kollaboratioun mat anere Kënschtler wäert nach released ginn.