Wann ee Fan vu Musek a Wëssenschaft ass, da kënnt een dëse Samschden an der Rockhal op seng Käschten. Hei gëtt Musek aus wëssenschaftlechen Date gemaach.

Dëse Samschden ass de Projet Sound of Data an der Rockhal, dat am Kader vun der grousser Final vun Esch'22. Dobäi trëfft d'Wëssenschaft op Musek. Dat Ganzt war ee Projet deen iwwert ee längeren Zäitraum gaangen ass an elo fäerdeg a prett ass viru Publik presentéiert ze ginn.

Beim deem Projet hunn eng ganz Rei u Kënschtler matgemaach, déi och de Samschden an der Rockhal optrieden. De Max Cooper huet als Headliner och een Optrëtt a wäert eng aussergewéinlech Show liwweren. De Concert richt sech sou wuel u Jonker wéi un Erwuessener, déi verschidde Museksrichtunge lauschteren. Hei kennt also jidderee beim Concert op seng Käschten.

Fir dës experimentell Erfarung muss een een Ticket am Virfeld kafen, déi kritt een um Site vun der Rockhal op rockhal.lu a weider Informatioune fënnt een um Site thesoundofdata.lu an op Instagram.

Lauschtert hei de ganze Reportage