Reduzéiert Präisser a gutt Affäre lueden um Cyber-Monday zum Shopping an. Wat fir Rechter huet een als Consommateur an op wat soll een extra gutt oppassen?

Um Cyber-Monday kann een traditionell gutt Affären um Internet maachen. Trotzdeem gëllt awer och hei eng gewësse Virsiicht. Nämlech kann een gäre mol ze vill Suen ausginn oder och iwwert den Dësch gezu ginn. Fir dat ze vermeiden huet déi lëtzebuergesch Verbraucherzentral op déi dräi heefegst Schwieregkeeten opmierksam gemaach. An dëse Fäll huet de Keefer Rechter déi gräifen, wann et zu Problemer beim Online-Shopping kennt.

Fir d'éischt kann et virkommen, dass ee falschen oder futtisse Produit geliwwert gëtt. Hei huet de Keefer awer déi selwecht Rechter wéi wann en an engem normale Buttek géif akafe goen. Dat heescht, sollt den Artikel net der Bestellung entspriechen, kann eng Reparatur oder eng Ersatzliwwerung verlaangt ginn. Sollt dat net méiglech sinn, muss de Keefer seng Suen zeréck kréien. D'Garantie vun engem neie Produit beleeft sech och op 2 Joer.

Zweetens huet de Verbraucher ee Widerruffsrecht beim Online-Akaf. Dat heescht de Keefer kann ouni Grënn an ouni zousätzlech Käschten een Artikel innerhalb vu 14 Deeg zeréck schécken. Déi eenzegt Käschten déi hei kennen entsoen, sinn déi vun der Récksendung.

An drëttens huet een als Keefer gewësse Rechter wat d'Liwwerzäit ugeet. Een EU-Recht gesäit nämlech vir, dass ee bestallten Artikel innerhalb vun 30 geliwwert muss ginn, falls keen anere Liwwerdatum ausgemaach gouf. Falls de Liwwerdatum net agehale gouf, soll een d'Internetsäit schrëftlech kontaktéieren.

Egalwéi soll ee beim Online-Shopping awer extra gutt oppassen. Fake-Websäite sinn op deem Dag grouss verbreet. Wann een sech bei engem Site net sécher ass, soll een ëmmer den Impressum kontrolléieren.

Klickt hei fir de ganze Reportage ze lauschteren.