Och wann Haass am Netz a Cybermobbing an der digitaler Welt geschéien, heescht dat nach laang net dass dat keng reell Konsequenzen op d’Liewe vun enger Per

Haass am Netz huet natierlech e groussen Impakt op d’Affer vun der perséinlecher Belästegung, oder vu Mobbing. Ganz dacks si virun allem jonk Leit Affer vun Haass am Netz oder Cybermobbing. An dat ka ganz vill Negatives ausléisen. Mental Probleemer wéi Angschtzoustänn an Depressioune mee och wéineg Selbstvertrauen, sech eleng an onsécher fillen. Mee och zu Probleemer op der Aarbecht an an der Schoul kann et kommen.

Dat heescht dass den Affer hiert Sozialliewen och ganz uerg drënner leit. Verschidde Leit isoléiere sech komplett, a bleiwen doheem. Se fille sech net méi gutt genuch a sinn der Meenung dass se net méi an d’Gesellschaft passen. An extrem schroe Fäll kann dat leider och zu Suicide féieren.

Dat ass natierlech eppes wat een absolut evitéiere muss. Natierlech ass dat net einfach mee et gëtt recommandéiert d’Leit z’ignoréieren, ze blocken, d’Täter ze mellen, d’Beweiser ze sammelen a sech ëm sech selwer ze këmmeren.

A wou soll ee sech melle wann een driwwer schwätze wëll oder esou eppes melle wëll? Et kann ee sech zum Beispill bei BeeSecure mellen, déi eng spezifesch Helpline huet. Et soll een dat net fir sech halen, a mat Leit – esouwuel Famill a Frënn mee och Professioneller – doriwwer schwätzen.