Een Artikel iwwert Kriibssymptomer, gouf kritiséiert an als blöden Artikel beschriwwen. Den Artikel déngt als Preventioun an huet d'Aufgab opzeklären.

Een Artikel, deen iwwert eng Etude vun ILRES zesummen mat der Fondatioun Cancer informéiert, gouf als blöden Artikel vun engem User beschriwwen.

Beim Artikel ass et drëms gaangen, fir ze weisen wéi wichteg et wier Kriibssymptomer ze kennen, well eng fréizäiteg Diagnos d’Chance op eng erfollegräich Therapie erhéije géing. 40 Prozent vun de Kriibserkrankunge wieren duerch e gesonde Liewensstil vermeidbar, esou d'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer am Wort. An dësem Zesummenhang ginn op déi 12 Recommandatioune vum code international contre le cancer higewisen. Schätzungen no géinge ronn 3.000 Lëtzebuerger all Joer d’Diagnos Kriibs erhalen.

Mat dëser Etude wëll een Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg dozou encouragéieren fréizäiteg bei deenen éischte Symptomer ze handelen. Natirlech ass dat awer keng Garantie, dofir dass all Persoun Symptomer huet. A wann sech keng Symptomer fréizäiteg weisen kann et esou och a verschiddene Fäll zu enger spéider Diagnos kommen. Jidderengem säi Kierper reagéiert aneschters op eng Krankheet an all Krankheetsverlaf ass och nees aneschters. Et ginn Kriibsaarten, déi loossen sech anhand vu Symptomer éischter erkennen. Dat gëllt awer och nees net fir all Kriibsaart. An och an deene Fäll, an deenen et de Moment nach keng Méiglechkeet gëtt, eng Krankheet fréizäiteg ze erkennen, heescht dat net, dass dat an e puer Joer aneschters ass. D'Fuerschung developpéiert sech ëmmer weider a mécht konstant Fortschrëtter.

Trotzallem ass et wichteg fir op esou Themen opmierksam ze maachen an genee dat war d’Zil vun dëser Etude an dësem Artikel.

Klickt hei fir de ganze Reportage ze lauschteren.