Virun allem an der Chrëschtzäit, gi vill Spillsaache kaf an do muss een dann oppassen.

D’ILNAS huet an deem Kader Recommandatiounen erausbruecht fir de Leit ze hëllefen, déi richteg a konform Spillsaachen erauszesichen. Hei ginn et dann eng Partie Krittären, déi ee respektéiere soll.

ILNAS ass den Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services. D’Iwwerwaachungs-Departement mécht an deem Kader reegelméisseg Kontrollen am Commerce.

Lauschtert eran!

Virum Akafe muss ee ganz gutt drop oppassen dass d’Spillsaach mam Label "CE" markéiert ass. Dat bedeit dass d’Spill konform mat den europäesche Sécherheetsvirschrëften ass. Et soll een dann evitéiere Spillsaachen ze kafen, déi kee Wuerenzeechen hunn, also bei deem keng Mark deposéiert gouf. Och wa keng Informatiounen iwwer den Hiersteller op der Spillsaach ze fanne sinn, ass dat kee gutt Zeechen. D’Spillsaach muss nämlech identifizéierbar sinn.

D’ILNAS recommandéiert och sech u Sécherheetsvirschrëften, zemools wat den Alter ugeet, ze halen. Dës mussen awer och einfach ze fannen an ze liese sinn op der Spillsaach selwer. Bei Spillsaache fir Kanner ënner 3 Joer sollen och keng kleng Stécker fonnt ginn, déi einfach lassginn. Dat ka ganz geféierlech ginn. D’Spillsaach soll och keng schaarf Ecker hunn. An musikalesch Spiller sollen net ze haart sinn.

Och Spillsaache mat klenge Magnéiter a Ventousë sollen evitéiert ginn: dës kënnen nämlech geféierlech fir d’Kanner gi wa se ofgeschléckt ginn. An zu dëse potentiell geféierleche Spillsaache gehéieren och "SLIME" a parfuméiert Spillsaachen. D’ILNAS recommandéiert deemno d’Spillsaachen a spezialiséiert Geschäfter kafen ze goen. Wa se online kaf ginn, soll ee sech fir sécher Internetsitten entscheeden.