D’UNESCO huet eng Lëscht vun immaterielle Kulturierwen déi reegelméisseg geupdated gëtt. D’Selektioun vun dësem Joer gouf e Mëttwoch am Maroc virgestallt.

An dëst Joer hu ganz beléift Saachen aus Frankräich an Däitschland et op d’Lëscht gepackt, esou wéi d’Baguette an de modernen Danz.

Lauschtert eran!

Beim immaterielle Kulturierwen handelt et sech ëm eng Praktik déi traditionell, zäitgenëssesch a lieweg soll sinn. Et sinn also net Objete selwer déi dës Éier kréie mee éischter Ritualer, Evenementer, Traditiounen an d’Handwierkkonscht. Zu Lëtzebuerg huet 2010 d’Iechternacher Sprangpressessioun, déi all Joer um Péngschtdënschdeg stattfënnt, d’Konditiounen erfëllt.

An dëst Joer steet dat Brout am Mëttelpunkt, dat net dierf an enger Bäckerei feelen. Déi knuspereg Baguette. De franséische Savoir-Faire fir d’Baguette ze maache gouf vun eisem Nopeschland eragereecht a vun der Unesco ugeholl. 4 Zutate gi gebraucht fir déi beléiftste Broutzort a Frankräich ze maachen: Miel, Waasser, Salz an Hief. Spezifesch Wëssen an Technike mussen awer agesat gi fir déi perfekte Baguette ze baken.

En anert Nopeschland, wat dëst Joer vertrueden ass ass Däitschland. An zwar gouf de Modernen Danz als immateriellt Kulturierwen ugeholl. Dozou gehéiere verschidde Stiler, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert entstane sinn. De Grond wisou dësen Danz op d’Lëscht gesat gouf ass d’Gemeinschaftsgefill, staark mënschlech Bindungen, an de Fait dass en lokal verwuerzelt ass.

En anere Kandidat, deen et op d’Lëscht gepackt huet, ass déi chineesesch Téizeremonie. Se ass e wichtegen Deel vun der chineesescher Kultur. Och nach selektionéiert sinn d’Konscht vum Klackelauden a Spuenien an déi schaarf Harissa-Zooss aus Tunesien.