De lëtzebuergesche Rapper a Produzent huet seng neiste Single released, déi och Deel vu sengem nächsten Album wäert sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Den Turnup Tun ass säit Joren net méi aus der lëtzebuergescher Musekszeen ewechzedenken. No sengen éischten eegenen Tracks an och mat Stay Fou huet hien sech definitiv een Numm an der Zeen gemaach.

An der leschter Zeit huet hien sech awer net nëmmen op seng eege Musek konzentréiert mee och als Produzent fir ganz vill aner Kënschtler geschafft.

"Lo déi lescht Deeg hun ech wierklech net eng mee esouguer zwou Sessions pro Dag gemaach. Moies eng an dann owes eng bis spéit an d'Nuecht. Ech si wierklech am Moment vill um hustlen. Ech hat lo zum Beispill eng Session mam Geno a mam Sixo. Ech hat eng Session mam Nosi a mam Flex Diamond, mat Alfalfa. Voilà do kommen nach ganz vill cool nei Projeten."

Wann hien dann och net hei zu Lëtzebuerg schafft, dann ass den Tun och ganz vill Zäit zu Berlin ënnerwee wou hien dann och nach e puer Projeten um lafen huet.

Am Moment ass den Tun dann awer och amgaang säin neien Album ze produzéieren, deen dann och ganz geschwënn wäert erauskommen.

"Also éischtens mol ass et mol dee perséinlechsten Album den ech jee gemaach hunn. Et ass wierklech een Album  wou ech vill méi reflektéieren iwwert mech a mäi Liewen, meng Gefiller a vill méi oppen domadder ëmgi wéi virdrun. Soundlech ass den Album vill méi melancholesch a melodesch wéi soss. Ech hunn immens vill mat der Gittar geschafft, ech hu probéiert catchy Melodien ze fannen ech hu probéiert ze kucken dass all Wuert an all Nout een Impakt ass. An trotzdeem sollt et hard as fuck sinn an d'Beats solle richteg balleren."

Déi éischt Singleauskopplung ass dann och lo ënnert dem Numm "Mamacita" erauskomm, a wäert dann och scho bëssen d’Richtung vum vum Turnup Tun sengem neien Album uginn. De Song ass laut dem Tun dann och ee vu senge Lieblingssongs déi hie bis elo a senger Karriär geschriwwen huet.

"D'lescht Joer war fir mech ee ganz turbulent Joer, vue dass ech Schluss gemaach hat mat menger deemoleger Frëndin no bal 9 Joer wat fir mech sou een Neistart war. AN zwou Wochen drop hunn ech mech dunn direkt rëm verléift an dunn hunn ech ugefaange fir dat Meedche Lidder ze schreiwen a "Mamacita" war dunn deen zweeten oder drëtte Song deen ech fir hat geschriwwen hat."

Am grousse ganze kuckt den Tun awer och ganz positiv an d’Zukunft vu lëtzebuergescher Musek an hien denkt dass et och ganz geschwënn un de nationale Kënschtler ass fir international grouss raus ze kommen.

"Ech hunn ee gutt Gefill wat d'Zukunft ubelaangt an ech denken dass d'nächst Joer dat erfollegräichst Joer fir lëtzebuergesch Musek wäert ginn. An ech denken dass een et muss packen am Ausland an dann och duerno Lëtzebuerg represented am Ausland." 

An Zukunft wäert dann och nach de Video zu der Single "Mamacita" rauskomme wéi och eng weider Single, bei der een dann och den CHAiLD wäert héieren, an dat esouguer mol eng Kéier op Lëtzebuergesch.