«Et ass nach Loft no uewen”, esou Info Handicap am Eldo-Interview

Weltdeeg ginn et der vill an heiansdo freet ee sech «firwat brauche mer där iwwerhaapt». Ma am Fall vum internationalen Dag vu Mënsche mat Behënnerung ass d’äntwert einfach: Doduerch setzt een en Thema, dat eigentlech all wichteg sollt sinn, an de Fokus, souwuel medial, wéi och am Allgemengen an der Gesellschaft a soumat kritt ee méi e breede Public erreecht.

Dëse Samschden, den 03. Dezember, ass den internationalen Dag vu Mënsche mat Behënnerung, en Dag op deem Info-Handicap all Joer eng Aktioun organiséiert. Am Gespréich mam Christine Fandel a Joanne Theisen, krute mer verroden, dass dëst Joer den Handi'Quiz organiséiert gouf. Hei krute Klasse vum Cycle 4 vun Oktober bis November all Woch Froe geschéckt, déi se schrëftlech oder mat engem Video konnte beäntwerten. Dëse Samschdeg ass dann d’Präisiwwerreechung mat der Familljen-Ministesch an dem Educatiounsminister. Ma och online kann ee vun 12h00 un um Quiz deelhuelen an erausfanne wéi gutt ee sech mat der Thematik auskennt.

Sensibiliséiert gëtt op verschiddenen Niveauen a mat verschiddene Partner. Et ass en Thema, dat iwwerall muss gehéiert ginn dofir ass et wichteg a verschiddene Beräicher unzesetzen, sief dat an der Politik, bei Employeuren, am Transport, lokal, international, individuell oder fir déi breet Mass. Inclusioun geet nämlech jiddereen eppes un, an dat net just an der Theorie mee och Praxis.

Info-Handicap no, ginn et Gesetzer a vill Gespréicher hei am Land, wat a priori gutt ass, ma net duer geet. Projete mussen och ëmgesat ginn. Een erfollegräiche Beispill ass zum Beispill den "Access City Award" an den "Euro Welcome Label". Duerch dëse kann een online erausfanne wéi eng Etablissementer an Eventer accessibel sinn am Land fir Mënsche mat enger Behënnerung. Donieft gouf d’Gebäerdesprooch 2018 offiziell unerkannt an et géif een och mat Liichtsprooch hei am Land schaffen, déi d’Kommunikatioun fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung oder engem Migratiounshannergrond (wéinst der Sprooch) vereinfachen.

D'Christine Fandel iwwer Inclusioun zu Lëtzebuerg

Sprooch ass insgesamt essentiell wat Inclusioun ugeet. Engersäits aus engem praktesche Point de Vue fir et fir jidderee verständlech an zougänglech ze maachen. Anerersäits och fir géint Diskriminatioun a Stereotypiséierung virzegoen. Et gi Begrëffer oder Tournuren, déi entwäerten an ausgrenze well se d’Behënnerung an de Virdergrond stellen. Ma seet een e «Mënsch mat Behënnerung» steet de Mënsch am Virdergrond an esou gëtt d’Persoun net op d’Behënnerung, déi just en Deel vun hirem Liewen ass, reduzéiert. Eng Klengegkeet op déi jidderee kéint oppasse fir méi Inclusioun am Alldag.

Wéi wichteg ass Sprooch a Punkto Inclusioun?

Och wann et scho vill Léisunge ginn, gëllt et weiderhin ze sensibiliséieren an ze agéiere well 100% inklusiv ass Lëtzebuerg nach laang net. D’Quotegesetz zum Beispill, dat beseet wéi vill Prozent Mënsche mat Behënnerung mussen agestallt ginn an enger Entreprise, gëtt dacks net agehalen an och net kontrolléiert. A Punkto Fräizäit a Sport hätt ee scho vill Fortschrëtt gemaach, allerdéngs wär dat ëmmer Gemengen- a Veräin-ofhängeg an do wéilt een op nationalem Niveau méi inklusiv Offeren ëmsetzen.  A Punkto Transport misst och nach méi geschéien, esou Info Handicap, déi de Leit un d’Häerz leeën hir Umierkunge wa se op e Problem opmierksam ginn eranzeschécken.

"Et ass nach Loft no uewen"

Aktuell géif een dann och nach op Auswäertunge waarden. D’UN Behënnerterechtskonventioun, déi d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerunge festleet hat nämlech festgeluecht, dass déi zu Lëtzebuerg ratifizéiert ginn. Déi eng Auswäertung ass bis 2017 gelaf, déi aner ass dann nach am Gaangen an do géif een aktuell nach op d’Auswäertunge waarde fir erauszefanne wéi gutt d’Aktiounspläng ëmgesat goufen.

Wichteg ass et awer, nieft Léisunge fannen, och Vertrauen an déi Leit ze setzen, déi sech tatsächlech mat der Thematik auskennen: Mënsche mat Behënnerung. Dëst sinn déi wierklech Experte mat deenen ee sech misst ënnerhalen an déi an d’Decisioune missten abegraff ginn.

«Déi Mënschen hu Fäegkeeten a Potential a wann een individuell Mesure mécht, da kënnen déi hiert Potential entfalen […] Mat Mesuren, mat Vertraue funktionéiert Inclusioun a mir kënnen och Resultater kréien».

D'Joanne Theisen iwwer Potential a Vertrauen