Wie kennt et net, et klëmmt een an de Fliger an et muss ee kuerz drop den Handy ausmaachen oder de Fligermodus umaachen. Dat soll sech awer änneren.

Telefonéieren, SMS'e schreiwen an am Internet surfen ass am Fliger net méiglech, well ee sos ënner anerem de Funk stéiert. An ee keng Problemer wëll fir d'Ekipp maachen. Mee genee do soll elo eng Ännerung kommen an dat Dank neister Technologie. D'europäesch Unioun wëll d'Handynotzung am Fliger erlaben.

Mat 5G soll d'Telefonéieren an d'Notzung vum Internet scho gläich och iwwert de Wolleke méiglech sinn. Sou heescht et op jiddefalls a Pläng vun der europäesch Kommissioun, dass d'Handynotzung am Fliger gläich méiglech ass, ass awer net nëmmen der 5G-Technologie ze verdanken, mee och Frequenzen am Fliger goufen ugepasst. Mat Hëllef vun enger sou genannter Picozell, déi wéi eng Funkzell fonctionéiert, ass dat da méiglech. Dat heescht hei gëtt ee lokaalt 5G-Netzwierk an de Fliger agebaut. Duerch eng Satellitteverbindung déi am Fliger ass, gëtt d'Signal an d'Netzwierk um Buedem geschéckt. Domat soll den Handy da genee esou gutt fonctionéiere wéi um Buedem.

Schonn 2008 gouf eng rechtlech Grondlag vun der EU geschaaft. Hei goufe bestëmmte Frequenzberäicher fir d'Kommunikatioun reservéiert. Wéini et dann tatsächlech zu der Ëmsetzung kënnt, ass de Moment nach onkloer. Och zu de Käschte fir Notzerinnen a Notzer huet d'europäesch Kommissioun bis elo nach näischt gesot. Dës wäerte warscheinlech dono vun deenen ënnerschiddleche Fluchgesellschafte gestëmmt ginn. Sou muss een an Zukunft da keng Musek oder keng Serie méi am Virfeld erofluede fir déi kënnen ze streamen.

Lauschtert hei de ganze Reportage