Mat engem Balcon erweidert ee säi Liewensraum, mat Balkoni soll d‘Bün fir Kënschtler vergréissert ginn.

Artisten eng Plattform ginn, vereinfacht erkläert ass dat d’Zil vu Balkoni. "Wéi e Balcon am Fong eng extended Plattform vun engem Haus ass, esou si mir d’extended Plattform fir d’Artisten", esou de Jean Luca, ee vun de Grënner. Zesumme mam Christopher Pedersen, huet hie Balkoni an d’Liewe geruff, e Konzept deem seng DNA et ass Konscht a Musek ze verbannen.

Duerch eng Kollaboratioun mam Kënschtler ginn deenen hir Konschtwierker op Kleeder designed an op limitéierter Basis verkaf. Fir dës méi an de Fokus ze réckele presentéiere se dës bei enger Vernissage bei där sech d’Konzept bei enger passender Atmosphär erëmspigelt. Den 3te Schratt ass dann d’Afterparty, bei där mat DJen aus der lokaler Zeen zesumme geschafft gëtt.

Lauschtert hei den Interview

Bis elo goufen et 3 Vernissagen an deemno och Kollektiounen, elo steet dann den nächste Projet un an dofir gëtt dës Kéier mat Kënschtler aus dem Ausland geschafft. Duerch eng gemeinsam Frëndin sinn déi zwee Grënner opmierksam op eng Konschtgalerie am Ruanda ginn. Esou ass de Kontakt tëscht Balkoni an dem Kibé entstanen, dem Grënner vum Ikirunga Art Centre. Dem Kibé seng Missioun ass et de Kanner aus dem Duerf a vun der Strooss duerch seng Konscht-Workshops eng Perspektiv ze ginn. Balkoni huet 40 Biller vu 6 Kanner (déi scho viru méi laanger Zäit gemoolt goufen) op Lëtzebuerg bruecht fir dës hei auszestellen an ze verkafen. Donieft kënnt natierlech och eng Wanterkollektioun eraus, inspiréiert un der Konscht vum Kibé senge Student:innen.

Den 10. Dezember ass d’Vernissage fir de gudden Zweck. De ganzen Erléis, deen doduerch erakënnt soll dem Kibé, oder besser gesot sengem Projet ze gutt kommen, dass hie sech eng Konschtschoul kafe kann a seng Workshops viru feieren, respektiv nach ausbaue kann.