D’Petitioun 2514 ka schonn zënter e puer Wochen ënnerschriwwe ginn. Hei geet et drëms géint Mobbing an der Schoul virzegoen.

D’Petitioun kann nach wärend 21 Deeg ënnerschriwwe ginn. Mir haten d’Petitionärin Lidia Rahal am Interview.

Mat hirer Petitioun wëll d’Lidia Rahal méi streng géint Mobbing an de Schoulen zu Lëtzebuerg virgoen. D’Zil wier et e méi strikte legale Kader ze hunn a vill méi Preventiounsaarbecht ze leeschte fir dass d’Mentalitéit vum Mobbing verschwënnt. Dës Mesurë sollten esouwuel d’Primärschoul wéi och de Secondaire betreffen.

Lauschtert eran!

Et géif nämlech ëmmer nees zu Virfäll kommen an déi aktuell Léisunge géifen einfach net duergoen, esou d’Lidia Rahal. D’Petitionärin hat sech schonn ëmmer fir d’Rechter vun de Kanner a Jonken agesat mee et ass och eng perséinlech Erfarung, déi si dozou bruecht huet dës Petitioun ze starten. Hiert Meedche gouf nämlech an der Schoul harceléiert an huet missen an der Psychiatrie hospitaliséiert ginn.

Wat waren dann d’Reaktiounen, déi d’Petitionärin krut? Vun de Leit an hirem Frëndeskrees krut d'Lidia Rahal ganz vill Ënnerstëtzung. Dës hunn hir Petitioun direkt ënnerschriwwen an op de soziale Medie gedeelt. Virun allem Elteren hunn zouginn dass Mobbing nach e grousse Probleem ass. Si krut awer och vill Reaktioune vu Leit, déi si net kannt huet. Virun allem Familljen, déi zënter kuerzem zu Lëtzebuerg sinn, soten dass si effektiv mat der Problematik vu Mobbing an der Schoul konfrontéiert sinn.

D’Lidia Rahal huet och ganz konkret Iddie wéi ee kéint handele fir géint Mobbing virzegoen. Et misst ee sech u Finnland inspiréiere well si schonn d'Kanner ganz jonk iwwer Mobbing sensibiliséieren. Hei gi Rollespiller gemaach mat engem Affer, engem Mobber an engem Zeien. Nom Spill gëtt hir Meenung gefrot a wéi si sech wärend dem Spill gefillt hunn. Et wier eng Method fir Empathie bei de klenge Kanner z'entwéckelen.

Wichteg wier et also esou fréi wéi méiglech d’Zeeche vu Mobbing z’erkenne mee och dass d’Enseignantë besser forméiert ginn. Et missten och méi Surveillanten agesat ginn, esou d’Petitionärin. All Kand an all Jonke misst nämlech d’Recht hunn sech an der Schoul sécher a wuel ze fillen.