An Éisträich wëll een elo méi streng géint déi Leit virgoen, déi systematesch ze séier fueren.

Dat huet d’Verkéiersministesch Leonore Gewessler matgedeelt. Wann ee ganz vill iwwer der Vitesslimitt ass da kann een net nëmmen de Permis mee och säi Gefier ewechgeholl kréien.

Bei verschiddene Leit géife Strofen net wierken. Dowéinst misst een déi sougenannt Dotwaff, also d’Gefier ewechhuelen.

Konkret ass en dräistufege Modell virgesinn. Wann een an enger Uertschaft méi wéi 60 km/h ze séier fiert an ausserhalb vun enger Uertschaft méi wéi 70 km/h ze séier fiert, da gëtt d’Gefier wärend zwou Woche saiséiert.

Bannent dëser Zäit gëtt dann och gekuckt ob déi Persoun scho wéinst dem selwechte Verstouss opgefall war.

Bei der Widderhuelungstäter soll d’Gefier versteet ginn. Den Erléis geet dann zu 70 Prozent an e Verkéierssécherheetsfong. Wann d’Vitesslimitatioun ëm 80 km/h iwwerschratt gëtt, da gëtt den Auto direkt versteet.

Dat neit Gesetz kéint an Éisträich Mëtt nächst Joer a Kraaft trieden.