Swipen, matchen, weider sichen?!

Enger Etüd vu Bumble, enger Online-Dating-Plattform, no, ginn et dëst Joer nees nei Dating Trends op déi een als Single um Schierm sollt hunn.

D «Work-Life-Balance» kennt der? Ma da stelle mer iech elo och nach direkt d «Love-Life-Balance» vir. Fir genee déi solle sech Singlen elo ëmmer méi asetzen. E richtegen Dating Numm huet dat Ganzt natierlech och, nämlech schwätzt een hei vun «Guardrailing». Wéi bei der work-life-balance geet et och hei drëms sech a säi Liewen net aus dem Fokus ze verléieren. Dating soll net dat Ganzt Liewe vun engem dominéieren, wiisst engem alles iwwert de Kapp an et fillt ee sech doduerch méi ënner Drock gesat, wéi dass ee Spaass dobäi huet, da soll ee sech zeréck zéien aus dem Dating-Dschungel. An den USA hätte knapp 80% souguer e Burnout vum Online-Dating, esou eng wieder Etüd vum Abrëll 2022. Klengt extreem, ma dann ass den Usaz u sech, dass ee léiwer mol e Schrëtt no hanne mécht, definitiv net verkéiert. Wéi seet een ëmmer, wie forcéiert no der richteger Persoun kuckt, gëtt souwisou net fündeg!

Lauschtert hei d'Sendung

Och den Trend «Open Casting» ass villverspriechend. Hei geet et nämlech drëms sech net un Iwwerflächlechkeeten opzehänken. «Eigentlech wär e jo perfekt mee en ass am Fong net mäin Typ», vergiesst déi Ausso! Eng vun 3 Persoune géifen der Etüd no léiwer Leit daten, déi vun der Perséinlechkeet hir passen, och wann et optesch net 100% passt.

An da gëtt et nach de Begrëff «Wanderlove». Dohannert verstoppt sech d’Akzeptanz eng Persoun wëllen ze daten, déi net ëm den Eck wunnt. An do schwätze mer net just vum Lea vun Esch, dat prett ass den Tim vu Wolz op en Date ze invitéieren mee och vun internationalem Daten. Mat all de Méiglechkeeten, déi een haut huet, iergendwéi och keng grouss Iwwerraschung, dass souguer Distanz, wuertwiertlech, kann iwwerwonne gi wann et dee Richtegen oder dat Richtegt ass.