Et héiert een ëmmer erëm, dass en K.O.-Drëpsen an d'Gedrénks op Partye gemaach goufen. Wéi kann een dat preventiv verhënneren? Wéi soll een sech verhalen?

Leider héiert een ëmmer erëm, dass en K.O.-Drëpsen an d'Gedrénks beim Erausgoe gemaach goufen. Ginn et Méiglechkeete fir dat preventiv ze verhënneren? A falls et awer zum Konsum vun engem Gedrénks mat K.O.-Drëpsen dra kënnt, wat kann ee selwer an d'Kolleege maachen?

De Commissaire en chef Steve Goedert vun der Police huet eis hei déi verschidde Froe beäntwert. Hien ass Chef vum Service Prévention et Instruction routière an si ginn och reegelméisseg an d'Schoule fir d'Schüler iwwert dat Thema opzeklären.

Preventiv Mesurë fir ze verhënneren eppes a säi Gedrénks gemaach ze kréie si grondsätzlech all selwecht. Et soll een säi Gedrénks ni aus den Ae loossen. Och wann een danzen oder op Toilette geet, soll ee säi Gedrénks net iergendwou ofstellen an et och net senge Kolleegen a Frëndinne ginn. Am beschten huet een nämlech ëmmer selwer een Aen op säi Gedrénks. Des Weidere soll ee kee Gedrénks vun engem Friem unhuelen, wann eng Persoun enger anerer eppes wëll ausginn, da soll een am Beschte mat un de Comptoire goen an dobäi sinn, wann et virbereet gëtt.

Wann et awer elo zu engem Konsum vu K.O.-Drëpse soll kommen. Kann ee selwer an d'Kolleege mat deenen een ënnerwee ass nach reagéieren. Et dauert nämlech ronn 15 Minutte bis d'Wierkung komplett do ass. An där Véierelsstonn mierkt een als Affer, dass eppes mat sengem Kierper geschitt. Hei direkt de Kolleege Bescheed soen an Hëllef sichen. Dowéinst ass et wichteg net eleng feieren ze goen. Et soll een am Beschten ëmmer an engem Grupp kommen an och nees am Grupp goen. Wann d'Affer näischt an deenen éischte Minutte mierkt an d'Kolleege gesinn, dass sech déi Persoun aneschters verhält an dat kengem extrem Alkoholkonsum ze verschëlden ass, soll och ëmmer no Hëllef gefrot ginn.

Nodeems d'Wierkung nogelooss huet, soll een och ëmmer eng Plainte bei d'Police maachen, well esou kënnen déi intervenéieren an een Aen drop behale wou a wéini et zu esou Fäll komm ass. Wann et nämlech an deem Zesummenhang zu méi Fäll kënnt an d'Police den Täter fënnt gëtt dësen och bestrooft. Hei kann et och zu enger Prisongsstrof kommen.

Lauschtert hei de ganze Reportage