De STATEC huet eng Etüd iwwer déi onsiichtbar Gewalt gemaach. D’Etüd vun 2019/20 gouf d’lescht Woch verëffentlecht. 

1 Persoun vu 5 tëscht 16 a 74 Joer war scho vu physescher, sexueller oder psychologescher Gewalt betraff, an dat op mannst eemol bannent engem Joer. Dat entsprécht enger Zuel vun 81.000 Persounen. 78 Prozent vun den Affer – also eng grouss Majoritéit – hunn sech net bei der Police, Dokteren, Psychologen, Assistants sociaux gemellt. De STATEC schwätzt also vun 63.000 Affer, déi onsiichtbar bleiwen.

Lauschtert eran!

An der Etüd gouf dann och verglach wéi d’Verhältnis tëscht männlechen a weiblechen Affer wier. Bei der physescher Gewalt ginn ongeféier esouvill Männer wéi Frae betraff de Prozentsaz läit hei bei 5 respektiv 4. Bei der psychologescher Gewalt ass d’Proportioun änlech, hei sinn et awer 14 respektiv 15 Prozent. Frae sinn awer der Etüd no däitlech méi vu sexueller Gewalt betraff wéi Männer.

Et ass awer wichteg z’ënnersträichen dass d’Tendenz bei de Frae méi grouss ass vu Leit aus hirem Ëmfeld ugegraff ze ginn, also ass de Risiko vu Gewalt, déi sech widderhëlt och méi grouss.

Eng bedeitend Feststellung ass dass nëmmen 12 Prozent vun de Männer a 6 Prozent vun de Frae wéinst hirer Aggressioun a Kontakt mat der Police waren. Déi Haaptulafstell fir déi wéineg Affer, déi iwwer d’Gewalt geschwat hunn, ware Psychologen. D’Zuel vun der Affer vu Gewalt déi sech bei spezialiséiert Hëllefsservicer gemellt hunn, ass ganz ganz niddreg.

Den Haaptgrond wisou dës Leit Aggressiounen net mellen, ass well si d’Gefill hunn dass d’Gewalt als net uerg genuch consideréiert géif ginn, anerer mengen dass d’Melle vun hirer Erfarung näischt brénge géif, eng Partie hunn sech dann och geschummt, haten Angscht a wossten net wien si kontaktéiere sollen.