
© Eldoradio
D'Finanzministesch Yuriko Backes war am Eldo-Interview. Virun engem Joer ass si an d'Regierung komm. Virdrun hat si awer eng gutt gefëllte Karriär.
Ganz am Ufank war et wichteg déi Fro ze kläre wat dann den Ënnerscheed tëscht dem Finanz- a Wirtschaftsministère ass.
Wichteg Termen an der Finanzwelt einfach erkläert
An deem Kontext wollte mir vun der Ministesch verschidden Termen aus der Finanzwelt erkläert kréien, déi een zwar dacks héiert, awer vläicht net ëmmer ganz versteet.
Esou Termë wieren d'Indextranche, de Budget, d'Staatsschold, den Defizit an de PIB.
Dann hu mir d’Ministesch och gefrot wat Steierklasse sinn a wien aus wéi engem Grond a wéi enger Steierklass ass:
Wisou sinn d'Finanze relevant fir déi Jonk?
Mee en Thema war och dass Finanzen dacks vun de Leit als méi dréchent Thema ugesi gëtt an als net accessibel - well schwéier verständlech - ugesi gëtt. Mee d’Yuriko Backes huet eis erkläert wisou d’Finanzen och fir déi Jonk relevant sinn:
An deem Sënn sot d’Ministesch och dass vill jonk Talenter an der Finanzwelt gesicht ginn.
Budget, Euro a Steieren
Fir déi, déi net wosste wéi de Staatsbudget gemaach gëtt, huet d’Yuriko Backes eis och ganz konkret d'Prozedur erkläert.
Wichtege Sujet war och den Euro. Wéi kann ee kucke wéi e Wäert Dësen huet a wat bedeit dat?
Eng Fro, déi ganz dacks gestallt gouf war wisou d’Regierung net Steierbarèmen un d’Inflatioun upasst. Hei d’Äntwert vun der Finanzministesch.
Ganz dacks muss een sech jo am Ausland unhéieren, dass Lëtzebuerg e Steierparadäis ass. Wat hält d’Yuriko Backes vun dëse Kriticken?
D'Yuriko Backes ass bereet mat an d'Walen ze goen
Dëst Joer si jo d’Parlamentswalen. An hei ass d’Yuriko Backes bereet fir d’DP an d’Walen ze goen, dat huet si eis verroden.
Perséinleches iwwer d'Ministesch
Wéi et ass als éischt weiblech Finanzministesch zu Lëtzebuerg täteg ze sinn, verréit d’Yuriko Backes.
Si huet och erkläert wat hire Virnumm op japanesch bedeit:
Mini-Schnellcheck mat der Finanzministesch
Kuerz a méi labber Froen ginn et hei. Zum Beispill huet d'Ministesch verroden ob si Bitcoins huet.
Video vum Interview
Hei kënnt dir de Video vun eisem Interview mat der Finanzministesch kucken!