
© Unsplash
Mir hunn eis eng Kéier ugekuckt, ob wat mer eis an der Museksbranche am neie Joer kenne freeën.
Ronderëm d’Feierdeeg gëtt et eigentlech all Joer bësse méi roueg wat nei Musek ugeet vue dass och hei vill Leit hir Zäit léiwer mat hire Famille verbréngen.
Mam Start an dat neit Joer wäert dat sech awer séier änneren an 2023 wäert eng ganz Rei u ganz groussen Album Highlighte parat hunn.
Lass geet et dann och direkt am Januar. Hei kënnt zum Beispill den 20. den neien Album "Rush" vun der italienescher Rockband Maneskin op de Marché. Ronn eng Woch méi spéit ass et dann och zum Ava Max, wat säin zweeten Album "Diamonds & Dancefloors" erausbréngt.
Am Februar ass et dann um Ellie Goulding, deem säin Album "Higher Than Heaven" direkt den 3. Februar wäert erausbréngen. Bësse méi rockeg gëtt et dann den 10. Februar wou endlech dann och nei Musek vu Paramore rauskënnt.
Mäi perséinlechen Highlight am éischten hallwe Joer wäert dann awer de 17. Februar sinn. Hei bréngt d’Pink den neie Longplayer "Trusfall" eraus, mat dem hat am Summer och op grouss Tournée wäert goen.
Am Mäerz mëllt sech dann och de Macklemore an d’Lana Del Rey zeréck, ier et dann am Abrëll dann een Highlight fir d’Rockfans mam neie Metallica Album "72 Reasons" wäert ginn.
Weider nei Musek ass dann och vum Lewis Capaldi, Jennifer Lopez wéi och dem Selena Gomez geplangt.
Gerüchter no soll och en neien Album vum Ed Sheeran erauskommen, hei ginn et awer nach keng wieder Detailer.
Awer och hei am Land wäert sech musikalesch vill doen am Joer 2023. Net nëmmen Tuys wäerten hiren neien Album "Reality Managment Ltd" erausbrénge mee och den Turnup Tun, Maz, CHAilD a Maale Gars hunn well nei Musek fir déi nächst Wochen a Méint ugekënnegt.
Mir kennen also gespaant si wat soss nach alles u neier Musek wäert erauskommen. Langweileg gëtt et eis op jiddefalls net vue dass fir wierklech jiddereen dëst Joer och rëm eppes misst mat dobäi sinn.