Zesumme mam Ann Bertmes an dem Charel Donven kucke mir op d'Joer 2022 vun der ACEL zeréck an awer och wat d'Joer 2023 bréngt.

No zwee Joer Paus konnt d'ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentencercelen, nees grouss Eventer organiséieren an d'Lëtzebuerger Studenten zesummebréngen an d'Schüler aus de Lycéeën iwwert ee Studium informéieren. Esou huet d'Foire de l’étudiante net virtuell an ouni Mesure konnte stattfannen. An fir d'Studente stoung am Summer nees de Studentebal um Bouillon um Programm a rezent nach den Tournoi de Noël. Mir hunn eis mam Ann Bertmes, der aktueller Presidentin vun der ACEL an dem Charel Donven, Comitésmember vun der ACEL, zesumme gesat a mat hinnen op d'Joer 2022 gekuckt an awer och doriwwer geschwat wat alles 2023 usteet.

Nieft de méi spaassegen a sportlechen Eventer goufen awer och administratif Saachen ëmgesat. Esou gouf un der Studentebourse gefeilt an dat neit Stagegesetz gouf evaluéiert.

Lauschtert hei de ganze Réckbléck vun der ACEL.

Fir d'Joer 2023 huet sech d'ACEL natierlech och e puer nei Ziler gesat. Ënner anerem kréien d'Schüler d'Méiglechkeet weider Studentestied am Kader vum Student fir een Dag kënnen ze léieren. Esou ass Düsseldorf fir eng éischte Kéier dobäi an Zürech an Amsterdam kann een dëst Joer mam Bus besiche goen.

Dann huet sech d’ACEL awer och am Kader vun der aktueller Klimakris ee grousst Zil gesat. Nämlech soll de Studentebal een "Green Event" ginn.

An och am Kader vum grousse politesche Joer huet sech d’ACEL een Zil gesat. Hei soll ee fënnef-Jores-Plang ausgeschafft ginn.

Lauschtert hei de ganze Ausbléck vun der ACEL.

Weider Informatiounen iwwert d'ACEL fënnt een op acel.lu an op de Soziale Medie wéi Instagram a Facebook. Des Weidere kann een der ACEL bei weidere Froen eng Mail op contact@acel.lu maachen oder op den Telefon 20 60 84 84 uruffen.