Verschidde Saachen, déi ee selwer als banal beschreiwe géif, bezeechent ee gäre mol als 0815. Mee firwat da grad déi Zuelen an net 1025 oder 0438?

Wien kennt den Ausdrock 0815 net. Dat seet ee jo bekanntlech iwwert eppes wat banal ass an näischt Extraes ass. Mee vu wou kennt deen Ausdrock iwwerhaapt?

Den Ausdrock kënnt vum Maschinnegewier 08/15. Dës Waff krut dee Numm wéi verschidde Softwaren hautzedaags hire Numm kréien. Esou gouf et ee Grondmodell vum Maschinnegewier, dësen ass 1908 erauskomm. Dofir 08. Am Éischte Weltkrich ass dëse Modell dann ausgebaut ginn an am Joer 1914 koum eng verbessert Versioun eraus, dofir da 14. Dunn ass 1915 och nach een neie Modell erauskomm, hei dann d'Zuel 15 an och nach eemol 1918, dat heescht hei ass et dann d'Nummer 18.

Mee firwat ass da grad 0815 hänke bliwwen. Déi eng Erklärung seet, dass déi däitsch Arméi am Éischte Weltkrich dréngend Waffe gebraucht huet an dofir gouf de Modell 0815 an der Masseproduktioun extrem vill produzéiert. Dunn am Zweete Weltkrich goufen nees séier Waffe gebraucht an dofir huet een déi aus dem Éischte Weltkrich nees benotzt. Déi Maschinne ware natierlech veraaltert an näischt besonnesch an hunn och vill Problemer gehat. Wann d'Zaldoten dunn ee Problem mat engem Maschinnegewier haten, hunn se einfach gesot: "Tjo ass haalt 0815." Well et vill Problemer mat dëse Gewierer am Zweete Weltkrich goufen an et fir d'Zaldoten alldeeglech Problemer waren. Esou huet sech den Ausdrock aus dem Militär an den Alldag agebiergert a gëtt bis haut nach benotzt.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert