Virun allem fir déi Leit, déi Schwieregkeeten hunn sech vun hirem Beemchen ze trennen, ginn et Léisungen.

Och wann ee vläicht net de ganze Beemchen hale kann, kann een eppes mat verschiddenen Deeler maachen. Den Upcycling vum Chrëschtbeemchen ass och gutt fir d’Ëmwelt.

Lauschtert eran!

Wann ee folgend Tipps wëll uwende soll een e Bio-Bam hunn. De Bam dierf och keng Eibe si well dës Bam-Zort gëfteg ass. Eng Verwendung vum Beemche wier et zum Beispill dréchen Nole fir en Dännen-Téi ze benotzen. Hei ass vill Vitaminn C dran a kann zum Beispill hëllefe wann een erkaalt ass. Et kann een och Dännen-Ueleg maachen. Hei muss een Nole mat Sonneblummenueleg iwwergéissen a se ee Mount stoe loossen.

Et ass och méiglech en Houschtsirop aus Chrëchtbeemerchersnolen ze maachen. Et mécht een d’Nolen an e Dëppe mat Waasser. A si solle just iwwerdeckt sinn. Et soll een d’Waasser zum Kache bréngen an dann 20 Minutte kache loossen. D’Nolen solle mat Hëllef vun enger Passett erausgeholl ginn. Als lescht Etapp muss een d’Flëssegkeet mat Zocker opkachen an dann a Glasfläsche schëdden.

Natierlech ass et och méiglech mat den Dännennolen ze bastelen. Eng aner Méiglechkeet ass et d’Zweigen an Äscht ze benotze fir d’Balkons- a Gaardeplanze virun der Keelt ze schützen. Et kann een se op e puer Plazen am Beet verdeelen, fir dass kleng Plazen a Blummenzwiwwele geschützt ginn.

Aus dem Stamm oder aus den Äscht kann een iwwregens och Mulch maache wann een dat ganzt zerschreddert.