Et ass d’Saison fir d’Ramboen, d’Spezialisten an d’Après-Schi-Connaisseuren. Fannt dir iech erëm?

De Bierg rifft an de Lëtzebuerger mécht sech op de Wee. Mat der neier Schi-Montur, der Après-Schi-Playlist an Honger op Kaiserschmarrn geet et Richtung Schivakanz. An op wien trëfft een do? Op déi verschiddenste Charakteren:

De Pisten-Rambo

Wou kee Wee ass, gëtt ee gemaach, dat ass d’Devis vun dësem Kandidat. Hei gëtt geschnidden, ausgebremst, vu riets iwwerholl  an dat Wichtegst: Speed. Hie rennt an iech? Da stellt iech scho mol drop an, dass en en iech vernennt well de Pisten-Rambo kämpft just fir sech, Schold sinn egal wéi d’Amateuren.

Den Après-Schier

"Ech wär da prett fir den éischte Béier", "so geet et? Mir si wann et gutt geet 2x erofgefuer", esou kéint eng Diskussioun tëscht dem Sportler an dem Après-Ski-Fan oflafen. Zu deem enge méi duerno, komm mer bleiwe mol kuerz beim Hulapalu-Gröler. Dëse fiert zwar villäicht och gäre Schi oder Snowboard, ma nach léiwer huet en dat duerno. Direkt vun der Pist geet et an d’Hütt an do bleift en dann och bis déi lescht Ronn, wie Sport mécht huet ëmmerhin och vill Duuscht.

De Sportler

Wärend deen ee schonn d’Alm onsécher mécht, kennt de Sportler just 2 Richtungen: Erop an erof. Dat heescht net, dass se wéi de Pisten-Rambo esou séier wéi méiglech wëlle sinn, hei geet et ëm d’Héichtemeter. Se sinn déi éischt um Lift an déi lescht op der Pist.

De Gourmet

Wourop freet der iech an der Schivakanz am meeschten? Op déi Fro äntweren déi heite Kandidate net mat Wierder wéi Skifueren Après-Ski mee mat "Germknödel", "Kaiserschmarrn", «Schnitzel», "Käsespetzel" an an an. Hei gëtt geplangt wéini wat giess gëtt, dass een och esou vill Leckereie wéi méiglech an déi eng Woch kritt.

D’Schifluencer

Et muss net onbedengt praktesch, mee virun allem schéin sinn, dat ass d’Motto vun eise Skifluencer. Virum Fuere ginn d’Hoer gemaach, Make-Up ass on fleek an den Ouftit perfekt ofgestëmmt. Ier et op d’Pist geet e puer "get ready with me"-Fotoen, nach eng Kéier beim Lift posen an och uewen um Bierg muss den Insta-Husband oder Insta-wifey nach déi eng oder 20 Fotoe knipsen, ier et lass geet. Ah sou, jo och wärend dem Fuere muss mol gefilmt gi fir duerno de passende Reel kënnen zesummen ze schneiden. Et muss ee seng Community jo mathuelen.