Et héiert een ëmmer erëm dass een als Memberstaat d’EU net brauch an dass se guer näischt bréngt.

Genau dat huet och e Facebook-Kommentar ënnert engem vun eisen Artikele gesot:

RTL

© Screenshot Eldoradio Facebook

Dat ass also d’Geleeënheet fir mol e Bléck an d’Vergaangenheet ze geheie fir dass eis emol nees bewosst gëtt wisou d’Europäesch Unioun gegrënnt gouf. Dat éischt Zil war et de Fridden ze garantéieren no de zwee Weltkricher an Europa. Wichteg war et eng Kooperatioun tëscht den EU-Staaten ze fannen. Fir d’éischt war et zu enger ekonomescher Kooperatioun komm, déi sech op d’Kuelen- a Stolindustrie baséiert huet. Mat der Zäit huet sech och eng politesch a militäresch Kooperatioun opgebaut.

Lauschtert eran!

Wat bréngt et generell en EU-Memberstaat ze sinn ausser dass een am Prinzip op engem friddleche Kontinent lieft? D’Fräiheet egal wou an der EU ze liewen, ze schaffen oder ze studéiere gëtt gefërdert. Donieft huet d’EU dee gréisste Bannemaart. An duerch d’EU gëtt et eng Entwécklungshëllef fir vill Mënschen. Och kënne gemeinsam grenziwwerschreidend Aktiounen ënnerholl ginn. Zum Beispill bei Sujete wéi de Klimawandel oder Terrorismus kann zesumme gehandelt ginn.

Wisou et fir Lëtzebuerg en Avantage ass an der EU ze sinn huet scho mol mat der geostrategescher Situatioun vum Land ze dinn. Den ekonomesche Marché zu Lëtzebuerg ass och esou kleng dass ee keen anere Choix huet wéi sech no baussen ze ëffnen.

Lëtzebuerg huet och aktiv un der Entwécklung vu verschiddenen EU-Institutiounen deelgeholl. Ier d’EU kreéiert gouf, hat Lëtzebuerg international net vill Bedeitung. Mat der EU huet d’Lëtzebuerg zwar net esou vill Gewiicht wéi aner grouss Länner, mee huet awer déi selwecht Rechter um Decisiounsniveau.

E wichtegt Beispill vun engem Land dat d’EU verlooss huet an et vläicht elo bereit ass Groussbritannien. Ëmmer méi ginn déi negativ ekonomesch Konsequenze gespuert, an dowéinst wënschen sech ëmmer méi Leit d’Decisioun réckgängeg maachen ze kënnen.

An iwwregens…wann een net zefridde mat der EU ass, dierf all EU-Resident eng Petitioun un d’EU-Parlament adresséieren.