En Dënschdeg kommen eigentlech dem Prënz Harry seng Memoiren eraus. Mee e Leak a Spuenien huet dozou bruecht dass scho ganz vill Infoe bekannt sinn. 

D’Titel vum Buch selwer ass jo scho provokativ. Et heescht nämlech "Spare" wat esou vill heescht wéi "Reserve". An dat war am Fong dem Prënz Harry säi Status an der Famill, well hie eigentlech nëmmen eng kleng Chance gehat hätt Kinnek ze ginn. Hien ass jo dem aktuelle Kinnek Charles III an der Prinzessin Diana hiren zweete Jong. Den éischten Jong an Nofollger ass de Prënz William.

Ganz schaarf Kritik géint de Prënz William

Vill Kritik gouf et an deem Kontext fir säi Brudder de Prënz William. Hir Bezéiung schéngt wierklech de Moment ganz schlecht ze sinn. Well den Harry schwätzt ënner anerem vu physescher Gewalt vu sengem Brudder, de William wollt hien och zwénge säi Baart fir seng Hochzäit mam Meghan ze raséieren. Och hätt de William de Geck mat sengen Angschstéierunge gemaach. An trotzdeem schreift de Prënz Harry dass hie säi Brudder ganz vill gär huet an dass hien hofft dass de Sträit iergendwann eriwwer wäert sinn.

Dem Harry seng Dier wier net nëmme fir säi Brudder op mee och fir säi Papp. Mam neie Kinnek Charles ass d’Bezéiung och ganz komplizéiert. Dat well den Harry decidéiert huet ze verëffentleche wéi problematesch d’Royal Family ass an dass si seng d’Fra Herzogin Meghan ni virun der brittescher Press geschützt hunn.

Skandaler

De Prënz Harry huet dann och iwwert e Skandal geschwat, deen iwwerall an de Schlagzeile war wéi hien 20 Joer al war. Deemools hat hien nämlech e Nazi Kostüm op enger Party un, dat hat natierlech ganz vill schockéiert. De Prënz Harry schwätzt hei vum gréisste Feeler a sengem Liewe mee huet awer och behaapt dass säi Brudder de William a seng Fra d’Kate hien encouragéiert haten de Kostüm unzedoe well si dat witzeg fonnt haten.

Nach méi intim Detailer huet de Prënz och geliwwert wéi hien iwwer säi Libesliewe geschwat huet. An zwar huet hie vu senger éischter sexueller Erfarung geschwat. Déi war an engem Feld hannert engem Pub mat enger eelerer Fra. An vill Leit wëllen dann och erausfanne wien dat genee war.

Natierlech gouf och iwwer déi komplizéiert Bezéiung tëscht dem Meghan a Kate geschriwwe mee och iwwer dem Harry seng Zäit als Zaldot. Mee fir alles ze wësse muss dir da bis den 10. Januar waarde wann d’Buch offiziell erauskënnt.