
© YouTube Screenshot
E Méindeg den Owend huet Netflix den éischte méi laangen Trailer zu der 4. Staffel vu "You" erausbruecht.
An dës Staffel gëtt jo an 2 Deeler gespléckt. Den Trailer bezitt sech also op den 1. Deel an den Haaptpersonnage Joe Goldberg (Penn Badgley) ass elo zu London ënnerwee a schéngt e Professer op enger Uni ze sinn.
Mee e klengen Twist ass schonn am Trailer ze gesinn: et ass en anere Mäerder ënnerwee an hie schéngt de Joe och ze kennen.
Hei gëtt et den Trailer:
Den 1. Deel vun der 4. Staffel kënnt den 9. Februar eraus an den 2. Deel ee Mount méi spéit, also den 9. Mäerz eraus.