Nieft dem Januar ass am Oktober nach ee Freideg, den 13. Vill Léit mengen, dass een op dësem Dag vun Onglécker geplot ass. Vu wou kënnt dësen Awerglawen?

Ee Freideg, den 13. gëtt et op mannst eemol am Joer a maximal dräimol am Joer. Verschidde Persounen si jo op dësem Dag ganz virsiichteg, dat well si dësen Dag als Onglécksdag gesinn. Mee firwat da grad 13 a Freides? A firwat soll dat Ongléck bréngen?

Ganz genee kennt een den Ursprong net, mee et ginn awer Theorie. Esou gëllt d'Zuel 13 scho ganz laang als Ongléckszuel. Warscheinlech well se déi éischt Zuel no der 12 ass an a ville Kulturen ass 12 extra helleg. Esou ginn et zum Beispill 12 Stärzeechen, 12 Méint an 12 Apostelen. Am Chrëschtentum ass 13 och eng negativ Zuel. Nämlech ware beim lëschten Abendmahl 12 Persounen: de Jesus mat sengen 11 Jünger. Déi 13. Persoun déi dobäi koum, war de Judas, dee Jünger deen de Jesus verroden huet. Dat heescht déi Zuel huet dem Jesus Ongléck bruecht. Virun allem an der westlecher Welt ass dorausser ee staarken Awerglawen entstanen. Esou ginn et a ville Fligere keng 13. Rei oder Hoteller verzichten op eng 13. Etage.

Elo hu mir dat mat der Zuel gekläert, mee vu wou kennt de Freiden?

Och déi negativ Bedeitung verdankt de Freiden der Bibel. Nämlech hunn den Adam an d'Eva op engem Freide vun der verbuedener Fruucht, dem Apel, geschmaacht a sinn esou aus dem Paradäis geheit ginn an och de Jesus gouf op engem Freide gekräizegt, nämlech dem Karfreiden.

Wéi hunn déi zwou Bedeitungen dann elo zesumme fonnt?

Dat ass net ganz erkläert an och hei loossen sech nëmmen Theorie fannen. Et gëtt eng Theorie, déi geet op ee Crash vun der amerikanescher Bourse zeréck. Dee soll nämlech den 13. Oktober 1929 op engem Freide geschitt sinn an hei hu ganz vill Léit ganz vill Sue verluer. Allerdéngs ass dat an der Realitéit vill méi spéit geschitt. Dës Erklärung ass da nëmmen eng passend Geschicht, mee awer falsch. Da gëtt et nach Theorie, dass an Däitschland ee Journalist de Begrëff "Freitag, der 13." aus den USA iwwerholl huet an dëse fir een Artikel genotzt huet. Esou huet sech den Datum, bestoend aus Freides an dem 13., als Onglécksdag lues a lues duerchgesat.

Iwwregens enger Etude no, kënnt et op engem Freideg, den 13. net zu méi Accidenter wéi op engem aneren Dag. Dat Ganzt ass also wierklech just Awerglawen.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert.