Eng Partie Ännerunge wäert et dëst Joer fir Reesender an der EU ginn.

Fänke mir mol mat eisem Noper Frankräich un. Dëst Joer ginn e puer Ëmweltzonen agefouert. An dowéinst wäert een an dëse spezifeschen Zonë just mat enger spezieller Plack erafuere kënnen. D’Vignette, déi sech "Crit’Air" nennt, muss ee schonn am Januar zum Beispill am Groussraum Montpellier an Nice hunn. Am Groussraum Paräis ass se vum 1. Juli un obligatoresch.

Lauschtert eran!

An elo gi mir eriwwer an Italien. Frankräich huet seng Grenzkontrolle mat Italien verschäerft. Also wann een um Wee aus Italien a Richtung Südfrankräich ass, kann et Waardezäite ginn. Virun allem grouss Gefierer wäerten intensiv kontrolléiert ginn. Op der Küstestrooss Amalfitana wäerten am vun Abrëll un ënner anerem wéinst der Ouschtervakanz Restriktioune ginn. Dës gëllen dann an der Summersaison, wéi schonn d’lescht Joer. Esou solle manner Autoen zirkuléieren. Dowéinst ginn dann ofwiesselend Autoe mat gerueder oder ongerueder Plack eragelooss. D’Reegel gëllt och fir Auslänner.

Mir bleiwen an Italien. Zu Venedeg gëtt 2023 en Entréesticket gefuerdert. U sech sollt dat schonn am Januar agefouert gi mee elo soll dat 6 Méint méi spéit gemaach ginn. Tickete kënnen online gebucht ginn an da kritt een e QR-Code. Dat wäert tëscht 3 an 10 Euro kaschten. Mee wann een en Hotel gebucht huet, do wunnt oder do gebuer ass, brauch ee keen Ticket.

Et ginn och allgemeng Ännerunge bei der Bunn uechter Europa, dat vum 7. Juni un. An zwar wäert et allgemeng méi Rechter ginn. Virun allem Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit si concernéiert. Si kréie méi systematesch Hëllef fir an an aus dem Zuch ze klammen. Mënsche mat Behënnerung dat elo bis zu 24 Stonnen am Viraus ufroen.