E Versoen, dat ëmmer nees fir Succès suergt…

Den Term Strategesch Inkompetenz ass villäicht net jidderengem bekannt, ma dir gouft bestëmmt scho mol domat konfrontéiert oder hutt et onbewosst (oder ganz bewosst?) selwer bedriwwen. Mënsche benotzte d’Ausried, dass se eppes net esou gutt kënnen, fir der Aufgab aus dem Wee ze goen.

Duerch Sätz wéi «Kanns d’Regal opbauen? Ech sinn handwierklech einfach net esou begaabt» bis «ech wëll deng Uerdnung net duercherneen bréngen, maach dat léiwer selwer» profitéieren d’Leit déi dës Taktik praktizéieren vun Aneren, déi d’Aufgaben dann iwwerhuelen.

Bei verschiddene Saachen ass et villäicht gutt d’Aufgaben der Kompetenz no ze verdeelen, ma geschitt dëst ze dacks an et ass eng ongerecht Verdeelung, da kéint sech déi aner Persoun ausgenotzt fillen. Ausserdeem kënnen doduerch Rollen-Clichée verstäerkt ginn zum Beispill duerch «typesch Männer- an typesch Fraen-Aufgaben».

Wéi gesot d’Intentioun ass dacks mol net béis an et ass meeschtens d’Verhalen aus der Kandheet, bei deem Elteren eng Aufgab iwwerholl hu wa se ze schwéier fir d’Kand war. De Problem: Dëst ass zur Gewunnecht ginn an et huet ee geléiert, dass ee sech esou virun onangeneem Saachen drécke kann oder et huet sech tatsächlech d’Gefill etabléiert, dat ee verschidde Saachen net kann, och wann dat guer net stëmmt.

Lauschtert eran

Hei kann een da vun Erwaardungsmanagement schwätzen, wien ëmmer nees gesot kritt «dat mam Kache läit der einfach net esou», dee verënnerlecht dat, gëtt net méi vun anere gefrot d’Aufgab ze iwwerhuelen a praktizéiert déi strategesch Inkompetenz konsequent virun. Do ass et méi einfach d’Aufgab selwer ze iwwerhuelen, gell? Spuert Zäit an da gëtt et anstänneg gemaach. Bis een iergendwann genervt ass oder keng Loscht méi huet et ëmmer erëm «selwer séier ze maachen».

Dass keen ausgenotzt gëtt, ass et dowéinst besser d’Ongläichgewiicht vun Aufgaben direkt unzeschwätzen. Oppe Kommunikatioun ass souwisou wichteg, ma amplaz engem d’Schold zouzeweisen oder ze soen «du drécks dech virun der Aarbecht», kuckt wie wat ze dinn huet an deelt et fair op. Kënnt de Saz «mee du kanns dat besser», da schafft drun, deem aneren et bäizebréngen.