Um Blue Monday gëtt einfach erwaart dass déi ganz Weltbevëlkerung sech traureg an net gutt fillt. Mee wéi koum et iwwerhaapt dozou?

Blue Monday: déi einfach a kuerz Definitioun ass dass dat den trauregsten Dag vum Joer ass. Blue heescht op Englesch net nëmme blo mee benotzt een och wann een sech traureg fillt a kee gudden Dag huet.

Lauschtert eran!

De Blue Monday fält all Joers op den 3. Méindeg vum Januar. Mee wat ass d’Hierkonft vun dësem Ausdrock? De Psycholog Cliff Arnall hat den Term 2005 souzesoen erfonnt. Eng Rees-Agence huet dann den Ausdrock an enger Publikatioun benotzt an där se behaapt huet eng Léisung fir déi kleng Deprimm am Januar fonnt ze hunn.

Der Firma no géif et eng mathematesch Formel gi fir den Dag vum Blue Monday auszerechnen. Dat gouf dann ëmmer méi beléift a verbreet. Mee de Psycholog selwer huet d’Leit méi spéit dozou opgeruff déi Iddi vu Blue Monday zeréckzeweisen. Well de Marketing-Aspekt war net Deel vu senger Absicht.  Elo gëtt de Blue Monday nämlech vu ville Marken als Marketing-Strategie benotzt fir hir Produiten ze verkafen.

Et gëtt zwar kee wëssenschaftleche Beweis dofir dass een sech op deem Dag méi schlecht fillt wéi op anerer, mee d’Kombinatioun vum Schluss vun de Feierdeeg, vum méi groen a schlechte Wieder kann dozou féieren dass een an eng kleng Deprimm fält. Wat bewisen ass, ass dass Leit, déi ënner mentale Probleemer leide mat de kale Wanterméint ze kämpfen hunn. Mee natierlech hänkt et ëmmer vum Individuum of ob een sech gutt oder schlecht fillt. De Blue Monday kann dann och eng Geleeënheet sinn, fir méi offen iwwer mental Probleemer ze schwätzen.