"Defensiv Architektur" klengt no engem onbekannten oder komplizéierte Konzept. Mee am Fong huet bestëmmt scho jiddereen dat an enger Groussstad gesinn.

Defensiv Architektur kann nämlech ganz onopfälleg sinn mee huet e ganz bestëmmt d’Zil, dat ganz vill kritiséiert gëtt.

Et ass eng Design-Aart a Weis, déi am Fong als Zil huet verschidde Verhalensweisen ze stoppen. Vill Konstruktioune ginn effektiv dacks fir aner Zwecker benotzt wéi déi fir déi se designed goufen. Virun allem gëtt dës Aart vun Architektur am ëffentleche Raum benotzt, also a Stied an an Dierfer. A well defensiv Architektur op ëffentleche Plazen ze fannen ass, ginn automatesch spezifesch Kategorië vu Leit cibléiert. An dat si meeschtens déi jonk Leit oder d’Sans-Abrien.

Lauschtert eran!

Deementspriechend ass dat och en Zil vun deene Leit déi defensiv Architektur asetzen: d’Sans-Abrien ginn domat ewechgedriwwen. E Beispill si Bänken. D’Bänke ginn esou gebaut dass Sans-Abrisen sech net drop leeën a schlofe kënnen oder d’Been ausstrecke kënnen. Zum Beispill ginn da metallen Trenner op d’Bänke fixéiert. Aner Beispiller si metalle Picken op flaache Plazen a Sëtzer bei de Bushaltestellen, déi onbequem gebaut sinn.

Defensiv Architektur gëtt also dacks als onmënschlech beschriwwen. Et wier nämlech eng subtil Aart a Weis verschidde Leit duerch d’Architektur auszegrenzen. Am Endeffekt gëtt mat dëser Zort vu Konstruktiounen de Probleem vun der Obdachlosegkeet och net geléist mee einfach verschiibt.

Beispiller vun defensiver Architektur fënnt een iwwregens och a Garen an op Fluchhäfen. An dës Strategie gouf och erweidert. Well och mam Sound kann ee Leit ewechdreiwen. An zwar gëtt op verschiddene Plazen Hannergrondmusek gespillt fir dass d’Leit net do aschlofen.

An deem Kontext war d’Konzept "defensiv Architektur" ee vun de Kandidate vun der Jury vum Onwuert vum Joer 2022 an Däitschland.